Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wuesstem trotz politescher Kris

Spuenien

Wuesstem trotz politescher Kris

No zwou Parlamentswahle bannent zéng Méint huet Spuenien nach ëmmer keng handlungsfäeg Regierung. Deem géigeniwwer wiisst d’Wirtschaft. E Wuesstem, deen duerch déi politesch Kris riskéiert hypothekéiert ze ginn. De spueneschen Ambassadeur Carlos de Lojendio erkläert d'Enjeuen.

auto_stories

3 min

De spueneschen Ambassadeur Carlos de Lojendio

Wa Spuenien bis den 31. Oktober keng nei Regierung huet, da ginn d'Spuenier déi drëtte Kéier bannent engem Joer wielen. Aus de leschte Wahlen am Juni waren déi Konservativ, de Partido Popular, ënnert dem aktuelle Premier Mariano Rajoy als Gewënner ervirgaangen, ouni awer eng Majoritéit ze kréien. Bis elo koum keng Koalitioun zu stan. Dem spueneschen Ambassadeur Carlos de Lojendio no géif et nach eng Chance ginn, fir Neiwahlen z'evitéieren. Enn Oktober decidéiert déi sozialistesch Partei, Partido Socialista Obrero Español, op si de Konservativen hir Ënnerstëtzung gëtt, fir eng Regierung ze bilden.

Nieft den zwou traditionelle Parteie sinn an de leschte Joren zwou nei Parteien entstanen. Déi lénks Podemos-Partei huet bei de leschte Walen iwwert 20 Prozent vun de Stëmme kritt. Mat 13 Prozent bei de leschte Wahle spillt och déi rietsliberal Cuidadanos Partei eng Roll op der Sich no enger Regierungskoalitioun.

Legislative Stëllstand

Déi zwou traditionell Parteie sinn an enger déiwer Kris. Eng Rei fréier konservativ Politiker sti wéinst Korruptioun viru Geriicht. An den Generalsekretär vun de Sozialisten, de Pedro Sanchez, ass op Drock vu senger eegener Parteispëtzt zréckgetrueden. De Pedro Sanchez ass den éischte sozialistesche Generalsekretär, dee vun der Basis an net vun der Parteispëtzt bestëmmt ginn ass.

Ouni legitiméiert Regierung konnt dëst ganzt Joer keen eenzegt Gesetz am spuenesche Parlament ugeholl ginn. Bis de 15. Oktober muss Spuenien e ficeléierte Budget fir 2017 deponéieren, soss riskéiert Madrid vun der EU-Kommissioun sanktionéiert ze ginn. Deen Delai kéint net agehale ginn, seet de spueneschen Ambassadeur. Dem Carlos de Lojendio no wäert d’Iwwergangsregierung de Budget vum Joer virdrun iwwerhuelen.

Katalounien

Dernieft ass déi geschwächte konservativ Iwwergangsregierung mat der separatistescher Bewegung vu Katalounien konfrontéiert. Den Ambassadeur erkläert, datt anescht wéi an allen anere Länner vun der Welt, déi spuenesch Verfassung eng territorial Ofspaltung erméigleche géif. Dat wier awer just iwwert eng komplex regional an national Prozedur méiglech. Dem Carlos de Lojendio no hätt esou e Projet keng Chance ze geléngen.

D’Regionalparlament vu Katalounien huet fir September 2017 e Referendum decidéiert. Esou e Referendum géif géint d’Verfassung verstoussen, esou den Ambassadeur. Si wier net rechtskräfteg a kéint net méi wéi e Sondage sinn.

Wirtschaftswuesstem "sous réserve"

Spuenien ass trotz politescher Kris an héijem Budgets-Defizit nees wirtschaftlech um Wee no uewen, esou de Carlos de Lojendio. Fir dëst Joer géif Spuenien vun engem Wirtschaftswuesstem vun 3,6 Prozent vum PIB- an d’nächst Joer vun 3,7 Prozent vum PIB ausgoen – dat wier méi héich, ewéi an de meeschten EU Länner. Um Enn bräicht een awer eng politesch Stabilitéit an handlungsfäeg Regierung, esou de spueneschen Ambassadeur.