Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wunnenge fir Bauaarbechter

Bausecteur

Wunnenge fir Bauaarbechter

Ronn en Drëttel vun de méi wéi 19.000 Salariéen am Héich- an Déifbau geet am Laf vun den nächste fënnef Joer an d'Pensioun, seet de Roland Kuhn, President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen.

auto_stories

3 min

Nei Mataarbechter kéint de Secteur an Zukunft méiglecherweis an den Oste vun Europa siche goen, sou de Roland Kuhn. Och aus Portugal misst een nach Leit heihinner kënne kréien. Allerdéngs misst een dann dofir suergen, datt déi Aarbechter hei am Land en Ënnerdaach "fir e verstännege Präis" kënne fannen.

Wunnenge fir d'Leit

Dofir denkt d'Baupatronat drun, selwer Wunnenge fir hir eege Leit ze bauen, esou de President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen: "Dat wieren dann circa zéng Euro de Meter carré oder ënner zéng Euro de Meter carré." De Marchéspräis géif den Ament bei 20 bis 25 Euro de Meter carré leien, esou de Roland Kuhn.

Et misst een hei awer oppassen, datt ee keng Ghettoe schaaft. "Mir kënnen net higoen, an alles do zentraliséieren. Dofir muss een dat landeswäit maachen, et muss een dat intelligent maachen. An ech kann Iech och elo net direkt e Rezept dofir ginn." Momentan wier een nach am Gaang doriwwer nozedenken, wéi een dat am beschte kéint maachen.

Anescht Bauen

Wann een awer net Aarbechter aus Portugal oder aus dem Oste vun Europa kéint ulackelen, misst ee sech iwwerleeën, anescht ze bauen, seet de Roland Kuhn:

"Wa mir keng Steemetzer méi hunn, da musse mir anescht iwwerleeë fir ze bauen. An an Zukunft, géif ech mengen, kënnt do och vill Revirement. Dat heescht, datt um Chantier selwer méi Montage ass, an datt verschidde Saache prefabrizéiert ginn, an datt méi an déi Richtung geduecht an iwwerluecht gëtt. Also mir mussen eis schonn där Begebenheet upassen, dattss effektiv manner Main d'oeuvre benotzt gëtt fir um Chantier d'Realisatioun ze maachen."

Congé collectif: Eng logesch Saach

De Bausecteur ass nach ëmmer frou doriwwer, datt et de Kollektivcongé gëtt, seet de Roland Kuhn, well:

"Et läit op der Hand, datt eis Leit wëllen am Congé scolaire mat hire Kanner an d'Vakanz goen. Da muss ee kucken: Majo wat maache mir dann elo? Wann elo jiddweree goe kann, wann e wëllt ... ech denken elo mol u méi kleng Betriber, awer och déi grouss: déi hunn och net fir all Camion zwee Chauffeuren, fir all Kran zwee Kranféierer, fir all Bagger zwee Baggerfuerer. Also et ass schonn esou, datt dat vun der Logistik hier ganz komplizéiert wär. Dee Congé collectif ass ageféiert gi fir déi Saach do ze vereinfachen. A wann ech mat eisen däitsche Frënn schwätzen: déi beneiden eis wéinst dem Congé collectif. D'Belsch huet och e Congé collectif. An ginn och aner Länner, wou um Bau einfach déi Period zougemaach gëtt."

Et misst een och soen, datt et wéinst den héijen Temperaturen am Summer "keng Freed" wier fir dann ze schaffen. Och d'Qualitéit vun der Aarbecht géif heirënner leiden: Et kéint zu Problemer bei hydraulesche Materialie kommen. Dofir wier et méi ekonomesch a logesch fir kënnen dräi Wochen hannertenee Paus ze maachen, seet de Roland Kuhn.