Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: "Ech verstoppen net, datt Drock do ass"

EU-ÄNTWERT OP PANDEMIE

Xavier Bettel: "Ech verstoppen net, datt Drock do ass"

Vill EU-Länner maache sech Suerge wéinst där neier Variant vum Coronavirus a verlaange méi restriktiv Mesuren. Lëtzebuerg steet dowéinst ënner Drock a mécht op seng spezifesch Situatioun an der Groussregioun opmierksam, seet de Premier Xavier Bettel am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

D'Europäesch Kommissioun huet dës Woch eng Recommandatioun erausginn, där no bis am Summer 80 Prozent vum medezinesche Personal an den eelere Leit a 70 Prozent vum Rescht vun de Bierger solle geimpft sinn.

80 Prozent bis am Summer geimpft: Machbar fir Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg wier dat machbar, "wa mer den Impfstoff kréien", seet dozou de Premier Xavier Bettel. Et géif dovun ofhänken, wéini de Vaccin ukënnt.

Zu Lëtzebuerg kéim een am Kader vun deene Moyenen, déi een huet, "gutt virun". Et misst een awer den Ament, d'Hallschent vun den Impfdosissen op d'Säit leen, fir de geimpfte Persounen déi zweet Dosis och sécher kënnen ze ginn.

Zäitplang fir d'Impfen den Ament net méiglech

D'Patientevertriedung huet en Donneschdeg vun der Regierung gefuerdert, datt ee kloren Zäitplang soll gemaach ginn, wie wéini geimpft gëtt. Déi national Eethikkommissioun wier gefrot ginn, hiren Avis doriwwer ofzeginn, wien nom medezinesche Personal an de Leit an de Fleegeheemer un d'Rei soll kommen.

Vu datt d'Regierung awer net d'Impfstoffer géif produzéieren an och net genee wéisst, wéini déi nächst Liwwerunge wierklech ukommen, kéint een awer elo keng Datumer ginn, esou de Lëtzebuerger Premier.

Déi nei Variant géif jiddwerengem Suerge maachen. Dat wier och ze verstoen, allerdéngs misst hei och zur Kenntnis geholl ginn, datt Lëtzebuerg zu deene Länner gehéiert, déi am meeschte Séquentage maachen, also bei den Tester och kucken, wéi eng Variante vum Virus virleien. Et misst een also d'Zuel vun de Fäll vun deenen neie Varianten, déi nogewise ginn, en Rapport zu der Zuel vun den Tester setzen, déi doriwwer gemaach ginn.

Message un d'Noperen: Mesurë si virsiichteg a responsabel

Grenzen zoumaache wier nach ëmmer net d'Léisung fir de Virus ze stoppen. Fir Lëtzebuerg hätt dat en vue vun de ville Frontalieren, déi am Gesondheetssecteur schaffen, schro Konsequenzen.

All Land hätt iwwerdeems eng aner Situatioun an aner Mesuren, esou de Xavier Bettel.

"Dat, wat wichteg ass, ass datt mer net à contresens ginn. Wann een haut géif decidéieren, alles opzemaachen, da verstinn ech, datt ee sech am Nopeschland Suerge mécht. Mee wann ee virsiichteg a responsabel handelt an au fur et à mesure déi eng oder aner Decisioun hëlt, stéisst een och op Versteesdemech vu sengen Noperen."

D'Mesurë géifen op nationalem Niveau geholl a kéinten och net imposéiert ginn. Hie géif awer verstoen, datt een erwaart, datt se no enger gewësser Logik geholl ginn.

"Et wier ee Feeler, wann ee géif probéiere Schlupflächer ze fanne fir vis-à-vis vu sengem Noper seng wirtschaftlech Leeschtung ze steigeren".

Lëtzebuerg stéing den Ament awer ënner Drock. Dowéinst wieren dës Woch och vill Gespréicher gelaf, "fir op d'Specificitéit vun der Dependance vun der Groussregioun fir Lëtzebuerg opmierksam ze maachen."

Impf-Certificat a Reesfräiheet: ze fréi fir Conclusiounen

Wat ee Certificat iwwer eng Covid-Impfung ugeet, sot de Premier, et wier ze fréi fir iwwer d'Konsequenze vun esou engem Certificat ze schwätzen. Ëmmerhi wier nach net gekläert, ob eng geimpfte Persoun de Virus ka viruginn.

"Wann awer duerno Länner, déi elo bei der Arees PCR-Tester froen, een Impf-Certificat gëlle loossen, ass dat hiert gutt Recht."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.