Zeene wéi déi de Weekend kéint a wéilt een net acceptéieren.
Dowéinst sollen all Illegalitéite sanktionéiert ginn. Et wéilt e mat alle Mëttelen dofir suergen, huet de Xavier Bettel betount.
Et gouf decidéiert an der Stad e Perimeter respektiv e Parcours ze definéieren, an deem d'Manifestante sech beweegen dierfen, an dat scho vun dësem Weekend un. Gëtt dëse Perimeter net respektéiert, sinn d'Manifestanten an der Illegalitéit, esou de Premier no enger gemeinsamer Reunioun de Moie mat Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg, der Police an dem Parquet.