Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: Op laang Siicht muss Europa méi onofhängeg ginn

Weltwirtschaftsforum zu Davos

Xavier Bettel: Op laang Siicht muss Europa méi onofhängeg ginn

D'Weltwirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz steet am Zeeche vum Krich an der Ukrain. D'Repercussiounen op den internationale Commerce si gravéierend. Nieft der Gefor vun enger Hongersnout ass et och d'Fro no der Energie, déi virun allem déi europäesch Staate beschäftegt. Fir Lëtzebuerg ass de Xavier Bettel zu Davos.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Den däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck sot gëscht, et wier een an Europa kuerz virdrun, an Ueleg-Embargo géint Russland duerchzesetzen. Dat schéint allerdéngs just seng Meenung ze sinn - Ungarn huet haut ugekënnegt, guer net méi doriwwer schwätzen ze wëllen. Eppes, wat den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an enger Video-Usprooch zu Davos schaarf kritiséiert huet. De Lëtzebuerger Premier, deen och sur place war, gesäit dat méi differenzéiert:

"Ech fannen et net gutt, wann mer een no dem anere stigmatiséieren. Beim Ueleg ass et elo Ungarn, muer ass et beim Gas vläicht en aneren. Mir hu verschidde Länner, déi zu 100 Prozent ofhängeg si vu russeschen Energiesproduiten. Et ass delikat, deenen ze soen 'Pech, da kritt dir déi nächst Wochen a Méint eben näischt'. Ech hunn och gëschter der Kommissioun nogelauschtert, déi soten, mir bräichten nach fënnef Joer fir eis Ofhängegkeet vu Russland lasszeginn. Ech kann net de Leit soen, et gëtt fir fënnef Joer kee Gas a kee Pëtrol méi."

Op laang Siicht misst Europa allerdéngs méi onofhängeg vun auslännesche Partner ginn, dovunner weist sech de Xavier Bettel iwwerzeegt. An domat mengt hien net just Russland. Och am Beräich Hightech an am medezinesche Secteur misst Europa méi eegen Initiativen op de Wee bréngen. Dowéinst hätt hien sech zu Davos och mat Chip-Hiersteller a mat verschiddene Start-Ups getraff.

"Et ass immens wichteg, datt mir eis als Europa eng Strategie ginn, fir eng méi grouss Onofhängegkeet vis-à-vis vun Asien oder Amerika ze kréien. Dat ass dee gréisste Challenge. D'Ukrain-Kris huet eis elo gewisen, datt d'Energie e Problem ass, mee et ass net nëmmen d'Energie."

"Mir mussen eis bewosst sinn, datt déi nächst Méint ganz schwéier wäerte ginn"

Ee vun de groussen Theemen zu Davos war och d'Ernierungssécherheet, déi jo duerch de Krich an der Ukrain a Gefor ass. Hei sicht d'international Gemeinschaft no Ausweeër. De Xavier Bettel ass awer wéineg optimistesch:

"Et ginn Initiativë vun ONGen an och am multilaterale Kader, fir de Fleau vun der Hongersnout ze limitéieren. Mee mir mussen eis bewosst sinn, datt déi nächst Méint ganz schwéier Méint wäerte ginn. Mir wäerte vläicht méi deier fir verschidde Produite musse bezuelen, an anere Länner wäerten se guer net méi ukommen. Ech erënneren och drun, datt d'arabescht Fréijoer 2010 ugefaangen huet wéinst Liewensmëttelpräisser. An ech ginn Iech keng Garantie, datt et a Länner wei Libyen, mee och a méi stabille Länner net wäert zu soziale Probleemer kommen, wann do eng Hongersnout besteet."