Radioen

On air

Kultur um 5  |  Not to be messed with

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Aarbecht beim ICIJ

Investigative Journalismus

D'Aarbecht beim ICIJ

De Xavier Counasse ass Journalist bei der belscher Dageszeitung "Le Soir". Als Member vum Internationale Journalisteconsortium huet hien op den Dossiere LuxLeaks, Swissleaks a Panama Papers geschafft.

auto_stories

5 min

De Xavier Counasse live um 100,7

Lëtzebuerg taucht 700.000 mol an de Panama Papers op, esou de belsche Journalist Xavier Counasse vun der Dageszeitung "Le Soir". Als Member vum Internationale Journalistekonsortium ICIJ huet hien op den 11,5 Milliounen Dokumenter vun der Sociétéit Mossack Fonseca geschafft. Déi Dokumenter ginn net ëffentlech gemaach, esou de Xavier Counasse. Et wären ze vill confidentiel Informatiounen dran, wéi Bankkontoen an Telefonsnummeren. Am Mee géing de Journalistekonsortium awer e Resumé vun de pertinenten Informatioune publizéieren, dorënner d’Nimm vun alle betraffenen Offshore-Sociétéiten.

Fiskalitéit op EU-Agenda

D’Revelatioune vum Konsortium hätten dozou gefouert, datt am Kampf géint aggressiv Steieroptimiséierung d’Autonomie vun den nationale Steierverwaltunge gestäerkt gëtt, seet de Xavier Counasse. Dat géing awer net a Richtung vun enger europäescher Steier-Harmoniséierung goen.

De Beräich Fiskalitéit wär op d’Agenda vun der Europäescher Kommissioun gesat ginn, mee konkret géing et just lues viru goen. Den automateschen Informatiounsaustausch tëscht de Steierverwaltunge wär e Schrëtt an déi richteg Richtung, mee leider wären déi Informatiounen net ëffentlech. Hie kéint net verstoen, firwat Décisioune vun de Steierverwaltunge vun engem Land weiderhi geheim fir de Public géinge bleiwen, seet de Xavier Counasse.

Eng nei europäesch Direktive soll vun 2017 u bei groussen Entreprisë fir méi steierlech Transparenz suergen.

De Xavier Counasse hofft, datt d’Aarbecht vum ICIJ kloer gemaach huet, wéi néideg Whisteblower sinn. Déi nei geplangten Directive iwwert d’Betribsgeheimnisser, déi den 13. Abrëll vum Europäesche Parlament gestëmmt gouf, géing awer net an déi Richtung goen. Whistleblower a Journaliste kéinten an Zukunft just am Fall vu Fraude Informatioune publizéieren.

Zäit a Ressourcen

Et brauch een Zäit, fir op Dokumenter wéi de "Panama Papers" ze schaffen, seet de Xavier Counasse. Bei der belscher Dageszeitung "Le Soir" hätt een als Journalist d’Ënnerstëtzung vum Chefredakter, fir deen investigative Journalismus wichteg ass fir d’Zukunft vun der Zeitung.

Mam Journalisteconsortium hätt ee fir Luxleaks, Swissleaks a "Panama Papers" op zwou Plattformen zesummegeschafft, erkläert de Xavier Counasse. Engersäits hunn déi ageweite Journalisten e securiséierten Zougang zu enger gemeinsamer Datebank. Anerersäits communiquéiere si iwwert en interne Forum iwwert hir Recherchen.

Virun der Publikatioun hunn d’Journalisten déi betraffe Sociétéiten a Persoune mat hire Recherchë confrontéiert. "Mir sinn do net ëmmer gutt empfaang ginn", esou de Xavier Counasse. De Lëtzebuerger Finanzminister wär sech bei der LuxLeaks-Affär séier iwwert den Ausmooss vum Problem bewosst ginn an hätt éischter gutt mat de Journaliste vum ICIJ zesummegeschafft. Och haut hätt een nach ëmmer e konstruktiven Austausch mam Pierre Gramegna.