Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Youth for Climate: "Mir wëllen definitiv weider protestéieren"

Klimaaktivismus

Youth for Climate: "Mir wëllen definitiv weider protestéieren"

Eng méi héich Co2-Steier wier e "Muss", wann d'CO2-Emissiounen effikass solle reduzéiert ginn, seet d'Zohra Barthelemy vu Youth for Climate. Si huet d'Klimaprotester vun de Lycéesschüler dëst Joer mat organiséiert. Experten no géif eng CO2-Steier just eppes bréngen, wann se op d'mannst 40 Euro Tonn CO2 kascht, esou d'Zohra Barthelemey. Zu Lëtzebuerg wëllt d'Regierung an engem Joer eng CO2-Steier vun 20 Euro pro Tonn aféieren, déi bis 2023 op 30 Euro gehéicht gëtt.

auto_stories

1 min

D'Jugendorganisatioun Youth for Climate wëllt och am neie Joer weider fir e bessere Klimaschutz protestéieren, sou hir Spriecherin Zohra Barthelemy. Méi genee Detailer iwwer geplangte Protestaktiounen wollt si awer nach net nennen. Am Moment géif bei Youth for Climate Lëtzebuerg virun allem hanner de Kulisse geplangt ginn.

Momentan géif ee sech iwwer de Klima- an Energieplang an an d'Klimaschutzgesetz eraschaffen an "dozou vläicht eppes Klenges verëffentlechen". Et wéilt een och weider op d'Strooss goen, mee och eng längerfristeg Struktur schafen, "fir datt och déi nächst Joren d'Leit vun deem kënne profitéieren, wat mir esou schaffen".

Verschidde Leit an der Klimabeweegung hätte méi Unerkennung verdéngt, wéi d'Greta Thunberg, seet déi jonk Aktivistin. Si seet et wier remarkabel, wat d'Greta Thunberg geleescht huet, déi ganz Beweegung géif awer aus vill méi bestoe wéi der Greta Thunberg. Virun allem wann ee géif gesinn, wéi sech de Mouvement an Afrika, Südamerika oder an Asien entwéckelt hätt.

A Russland a China géife jonk Klimaaktiviste souguer riskéiere fir an de Prisong ze kommen, an Extremfäll géife si souguer hiert Liewe riskéieren. Déi Leit hätte méi Unerkennung verdéngt.