Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat si Froen, déi d'Bierger beschäftegen"

Vermummungsverbuet

"Dat si Froen, déi d'Bierger beschäftegen"

Den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten bedauert, datt d'Diskussioun iwwert ee "Burkaverbuet" während der Flüchtlingskris opkomm ass. Datt d'Regierung d'Vermummung an der Ëffentlechkeet elo wëll landeswäit iwwer Gesetz verbidden, hält hien awer fir prinzipiell richteg. Dat hätt och näischt mat de Wahlen ze dinn.

auto_stories

3 min

Yves Cruchten

Wéinst de Flüchtlingen, déi dee Moment an d'Land komm sinn, hätt ee misste verhënneren, virun engem gudde Joer mat enger Diskussioun iwwert ee "Burkaverbuet" ze polariséieren. Dat wier seng perséinlech Meenung, sot den Yves Cruchten dëse Mëttwoch (1.2.17) am Interview mam Mick Entringer.

Pour rappel: manner wéi eng Woch no den Attentater zu Paräis am November 2015, hat den LSAP-President Claude Haagen esou ee Verbuet gefuerdert. D'ADR an dann d’CSV hate scho méi laang deementspriechend Gesetzespropose gemaach. Et géif sech hei ëm "net vill Fäll" handelen, sou den Yves Cruchten. "Ech hat deen Ament éischter d'Impressioun, et wier besser gewiescht, et hätt ee sech e bëssen Zäit geholl".

Schwéier op kommunalem Niveau ëmzesetzen

Wéi mer en Dënschdeg (31.1.17) gemellt hunn, ass sech d’Majoritéit eens, fir d’Vermummung am ëffentleche Raum elo iwwert e Gesetz ze verbidden. Dem Yves Cruchten no géif ee sech un engem hollännesche Gesetz inspiréieren. Bis dohi waren d’Koalitiounsparteien der Meenung, d'Police-Reglementer op kommunalem Niveau géifen duergoen.

Fir den LSAP-Generalsekretär hätt sech allerdéngs erausgestallt, datt dat "net déi adequat Äntwert op déi Problematik" wier. Et wier schwéier, d'Reglementer an de Gemengen z'applizéieren an ze kontrolléieren. "Ech hu léiwer, mir maachen eppes, wat Kapp a Schwanz huet, wéi eppes, wat just 'Augenwischerei' ass”, sou den LSAP-Politiker.

"Keng reng reliéis Iwwerleeungen"

Ofgesi vum - a sengen Aen - "falsche Moment, fir esou eng Debatt ze lancéieren", ënnerstëtzt den Yves Cruchten allerdéngs de Prinzip. Et wier och "kee Burkaverbuet, mee e Vermummungsverbuet". Dat hätt "näischt mat reng reliéisen Iwwerleeungen ze dinn, mee och mat Sécherheetsaspekter".

Hie wier net der Meenung, "datt mer dee Problem do sollten esou héich spillen, wéi wann hei zu Lëtzebuerg op Schratt an Tratt Leit vermummt géife ronderëm lafen”. Gëtt domat net awer Angscht geschaaft, gi moslemesch Fraen, déi verschleiert an der Ëffentlechkeet optrieden, net stigmatiséiert? "Dat doten ass e bëssen héich gegraff", fënnt den LSAP-Generalsekretär.

Platzverweis? "Erëm esou eng Schäindiskussioun"

Huet d'Majoritéit een nationaalt Vermummungsverbuet net och aus elektorale Grënn decidéiert? "Dat do si Froen, déi d'Bierger beschäftegen, an da sinn dat och Froen, ob déi d'Politik muss äntweren". Op ee méigleche Ruck no riets vu senger Partei ugeschwat, äntwert den Yves Cruchten: "Op kee Fall". Rezent Aussoe vum LSAP-Aarbechtsminister Nicolas Schmit a Bezuch op d'Flüchtlingspolitik misst een - senger Meenung no - och méi nuancéiert gesinn.

De Platzverweis vu Strummerten, sou wéi d'CSV e proposéiert huet, schléisst d'Regierungskoalitioun allerdéngs aus. "Mat esou enger Moossnam viséiere mer déi Allerschwaachst an eiser Gesellschaft”, sou den LSAP-Generalsekretär. Dat wier "erëm esou eng Schäindiskussioun, déi d’Problematik net léisst”. An der Koalitioun wier et och keng Ofmaachung ginn, fir eng populistesch Moossnam duerch eng aner z'ersetzen.