Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir krute keng Äntwerten"

Zuchverkéier

"Mir krute keng Äntwerten"

Nom Zuchaccident lescht Woch zu Diddeleng stellt sech d’Fro vun der Sécherheet. Déi franséisch Eisebunnsgewerkschaften an d'SNCF hunn decidéiert fir den Ament net mat franséische Maschinisten op Lëtzebuerg ze fueren. Dobäi kéint et bis Ufank nächster Woch bleiwen, seet den Yves Le Pallec, Generalsekretär vun der CFDT-Cheminots Lorraine.

auto_stories

2 min

Genau eng Woch nom Accident vum 14. Februar ass d'Streck tëscht Diddenuewen a Beetebuerg elo erëm op. Well déi franséisch Maschinisten net bereet sinn, um Lëtzebuerger Reseau ze fueren, fiert awer just een Drëttel vum normalen Trafic.

Gewerkschafte bleiwe bei hirer Positioun

Eng Reunioun tëscht den dräi Gewerkschaften CFDT, CGT a SUDrail den 20. Februar huet näischt un der Positioun vun de franséischen Eisebunner geännert. Bis gewosst ass, ob technesch oder mënschlech Problemer de Grond vum Accident waren, fuere keng franséisch Maschinisten um Lëtzebuerger Zuchreseau, sot den Yves Le Pallec, Generalsekretär vun der CFDT-Cheminots Lorraine.

Déi Decisioun war d'lescht Woch als Reaktioun op d'Accident zu Diddeleng getraff ginn. D'Vertrieder vum Personal vun der Eisebunn haten am Sécherheetscomité (CHSCT) vun der SNCF hir Bedenke geäussert. D'Gewerkschaften halen och weiderhin un dëser Positioun fest. Wann dem Personal d'Grënn vum Accident presentéiert ginn, wéilte si de regulären Trafic awer séier retabléieren, sou de Gewerkschaftler.

Keng allgemeng Sécherheetsbedenken

Déi Mesure gëllt fir alleguer déi franséisch Maschinisten. Den TGV fiert och just bis op Diddenuewen, obwuel déi Zich scho mam europäeschen Zuch-Kontroll-System "ETCS" equipéiert sinn. Op der Streck Lëtzebuerg-Thionville sinn d'TGVen déi eenzeg Zich, déi scho mat deem néie System fueren.

Si hätten awer keng Bedenken, wat déi allgemeng Sécherheet um Lëtzebuerger Reseau ugeet, sot den Yves Le Pallec. De Sécherheetsniveau wier am Grand-Duché an de leschte Joren ëmmer "ganz héich" gewiescht.

Kritik vun der SNCF

Souwuel d'CFL wéi och d'SNCF hate gesot, datt d'Streck sécher wier, wa se erëm géif opgoen. Den Yves Le Pallec fënnt awer, dass d’Personal méi Äntwerten misst kréie wéi dat. "Effektiv goufen d'Circulatioune getest. Mee no dësem déidlechen Accident, krute mir keng Äntwerten. Firwat ass et geschitt, wéi ass et geschitt? Normalerweis wier esou en Accident net méiglech."

Den Yves Le Pallec huet d’Positioun vun der SNCF kritiséiert. Dës hat ugekënnegt, de Verkéier direkt ze retabléieren, wann d'Stréck erëm op wier. Et wier aus der Siicht vun engem Büro einfach ze soen et kéint een nees zirkuléieren. An éischter Linn wieren nämlech just d'Maschiniste betraff, et dierft een d'Kontrolleuren awer net vergiessen, déi genee sou exposéiert wieren.

D'SNCF hätt vun Ufank un d'Positioun vun de Gewerkschafte kannt, sou den Yves Le Pallec, an trotzdem hätte si eng aner Positioun vertrueden. "Et ass net hire Feeler, mee d'SNCF ka keng Assurancen oder Explikatioune ginn."