Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zäit fir Decisiounen

Fräie Mikro

Zäit fir Decisiounen

Déi aktuell Corona-Kris kennt vill Erausfuerderungen. Selbstverständleches kënnt an d'Rutschen a Prioritéiten ännere bannen Deeg. Dobäi ass dann och d'Fro vu richteg a falsch heiansdo ënner neiem Liicht ze gesinn, éier een eng Decisioun hëlt. Et ass eng Geleeënheet fir sech bewosst ze maachen, wat déi ethesch Erausfuerderungen an enger Kris sinn, mengt de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Virun e puer Deeg huet déi national Ethikkommissioun Stellung geholl zum schwieregen Theema, wat déi moralesch Grondprinzippie sinn, wa Klinicken an Doktere bei engem Mangel u Material an u Mëttel mussen entscheeden, wéi eng Patiente virrangeg behandelt ginn, a wéi eng aner deemno vläicht stierwe mussen.

Datt esou Decisiounen iwwerhaapt kéinte fälleg ginn, ass eng Horrorvirstellung fir Patiente genee esou wéi fir Dokteren a Fleegepersonal.

Ee schwierege Choix

Déi rout Linnen, déi ee bei esou engem schmäerzhafte Prozess muss setzen, sinn net typesch fir dës Kris a si si scho guer net typesch lëtzebuergesch. Mee si si batter néideg a si illustréieren, wat iwwerhaapt eng ethesch Demarche ass.

Et geet drëm sech Reegelen ze gi bei Entscheedungen, déi e moraleschen Dilemma a sech droen. D'Reegele vun enger praktescher Ethik sollen hëllefen dann ze entscheeden, wann de Choix net evident ass.

Déi manner schlecht Optioun

D'Generatiounen nom Zweete Weltkrich sinn esou Decisiounen, déi ni zefridde stellen an déi grav Konsequenze kënnen hunn, guer net gewinnt. Et ass méi einfach réckbléckend ze soen, wie wat 1940 richteg oder falsch gemaach huet, wéi selwer tëschent zwou inacceptabelen Optiounen ze wielen.

Dacks hu Leit, déi selwer net entscheede mussen, eng Tendenz ze wëssen, wat aner entscheede sollen oder - schlëmmer nach - hätte sollen entscheeden.

Mee wourop et ukënnt, bei der Ethik, sinn net d'Kommentaren iwwer d'Handele vun Aneren, mee d'Verantwortung vun deem Mënsch, deen huet missen tëschent zwou Optiounen déi manner schlecht wielen.

Kritik ass einfach

Et ass typesch fir all Kris, datt Entscheedungen ustinn, déi eigentlech onméiglech sinn, wéi zum Beispill d'Entscheedung, wien een dierf stierwe loossen. Leider wäert d'Corona-Kris nach eng Rei vun esou Dilemmata liwweren.

Esou huet eis Politik elo schonn entscheet eis Demokratie "en parenthèse " ze setzen, eis Beweegungsfräiheet extrem anzeschränken, fräien Handel a Beruffsausbildung quasi ze verbidden an déi al Leit de facto anzespären.

Näischt vun deem ass alternativlos, näischt dovun ass onproblematesch, an et ass zimmlech einfach Kritik dorun ze üben, och wann een der Regierung guer net ënnerstelle wëllt, si géif eng Autokratie ustriewen.

Hëllef bei der Entscheedung

Et ass eben eng Entscheedung, geholl vun deenen, déi d'Verantwortung am Abléck hunn. Keng oder eng aner Entscheedung wier och mat Konsequenze verbonne gewiescht. Eng Kris erlaabt keng Komfortzon.

Där Entscheedunge kommen elo nach, zum Beispill déi elektronesch Iwwerwaachung als Ersatz fir de Confinement, déi länger Aschränkung vun der Versammlungsfräiheet, oder d'Reprise vun der Aarbecht an domat och vun den neien Infektiounen.

Et ginn och fir esou Decisioune Reegelen an Hëllefen: zum Beispill Ofweie vu Wäerter, Verhältnisméissegkeet, Limitatioun an der Zäit, Transparenz vun de Motiver an aneres nach. Dat ass den Objet vun der praktescher Ethik.

Moralismus ass eppes anescht.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7