Wann op eemol jiddweree Bio-Mëllech géif hierstellen, géif de Präis op dee selwechten Niveau erofgoen, wéi bei konventioneller Mëllech, fäert de Marc Reiners. "Dat mécht kee Sënn. Dat packen d'Baueren net. Dat fonctionnéiert net."
Eng ze grouss Offer u Bioproduite géif, senger Meenung no, de ganze Bio-Beräich zerstéieren.
Sech méi op de Marché vun den auslännesche Matbierger konzentréieren
D'Verkafszuele vun der Luxlait wuessen net esou séier, wéi d'Populatioun hei am Land. De Luxlait-President Marc Reiners seet, dat géif dru leien, datt Leit, déi aus dem Ausland hei hinner wunne kommen, éischter auslännesch Mëllechproduite kafen.
D'Luxlait géif dofir an nächster Zukunft méi geziilt Reklamm bei Matbierger maachen, déi net déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn.
Keng Konkurrenz tëschent Fage a Luxlait
De President vun der Luxlait geet net dovun aus, datt de griichesche Jughurtsproduzent Fage sech zu enger Konkurrenz entwéckelt. Et kéint souguer eng Chance sinn, wa Fage sech zu Lëtzebuerg géif nidderloossen. "Well si just am Jughurtsberäich wäerte schaffen, an dat heescht griichesche Jughurt, wou mir hinnen net an hire Programm erafunken, a si eis och net."
De Marc Reiners gesäit absolutt keng Konkurrenz, souguer am Géigendeel. De griichesche Produzent kéint nämlech eventuell en Deel vun der Luxlaits-Mëllech verschaffen. Am Moment wieren dat awer nach "Spekulatiounen", esou de Marc Reiners. D'Luxlait hätt bis elo nach net mat Fage iwwer eng méiglech Zesummenaarbecht verhandelt.
Bis elo hätt d'Luxlait awer net mam griichesche Produzent iwwer dës Méiglechkeet verhandelt, esou nach de Marc Reiners.