Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - That Thang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ze wéineg Organspender zu Lëtzebuerg

Gesondheet

Ze wéineg Organspender zu Lëtzebuerg

Fir den Onkloerheete bei den Organspenden zu Lëtzebuerg en Enn ze setze fuerdert Protransplant en obligatoresche Vermierk am elektronesche Patientendossier DSP, deen an den nächste Jore soll Realitéit ginn. D'Associatioun Protransplant argumentéiert, datt doduerch kéint an engem urgente Fall Zäit gewonne ginn. Da wier direkt am Patientendossier kloer, ob dee Verstuerwenen enger Organspend zougestëmmt huet.

auto_stories

2 min

De ganzen Interview mam Alain Frantz lauschterenplay_arrow


Eigentlech ass jiddwereen zu Lëtzebuerg potentiellen Organspender, ausser e schwätzt sech explizitt dogéint aus, esou ass et an engem Gesetz vun 1982 virgesinn. D'Realitéit ass awer eng ganz aner. 2019 hätt de Grand-Duché op leschter Plaz am Verglach mat den anere siwe Länner vun Eurotransplant geleeën, mat 8,1 Transplantatiounen op 1 Millioun Awunner, seet den Alain Frantz vu Protransplant am 100,7-Interview. Konkret heescht dat, datt zejoert nëmme fënnef Patienten hei am Land explantéiert goufen.

Als Grond dofir gesäit den Alain Frantz engersäits, datt ëmmer nach vill falsch Informatiounen am Ëmlaf wieren, wat verschidde Leit kéint dovun ofhalen, Organspender ze ginn. Donieft géif heefeg nach d'Famill no enger Decisioun gefrot ginn, wat mat deem Verstuerwene soll geschéien. A wann déi net averstane wier, da géife keng Organer aus dem Kierper geholl ginn.

Statistesch gesi géifen et pro Joer ronn 30 Fäll ginn, déi a Fro kéinte komme fir eng Organspend. Wann do nach e puer Leit géifen ewech falen, well net genee gewosst wier, wat hire Wonsch war, da wier ee séier op enger ganz niddereger Zuel, sou den Alain Frantz.

Obligatoresche Vermierk am DSP

Protransplant fuerdert dofir, datt d'Organspend obligatoresch am elektronesche Patientendossier DSP sollt vermierkt ginn. All Persoun misst dann uginn, ob si wéilt Organspender ginn oder net. Domat géif een all den Diskussiounen aus dem Wee goen. D'Instanze wiere lues awer sécher op deem Wee, mengt den Alain Frantz. Mat der neier Gesondheetsministesch Paulette Lenert misst een elo kucken, ob esou e Flichtfeld am DSP wierklech kéint Realitéit ginn.

Wien Organspender wëllt ginn, ka sech e Pass dofir bei Protransplant ufroen. Dee sollt een ëmmer bei sech droen, sou den Alain Frantz. Et wier awer och wichteg, datt een doriwwer mat sengem Ëmfeld géif schwätzen, fir datt d'Famill kéint, wann et dozou kéim, de Wonsch vum Verstuerwene respektéieren.

Expo: #LIEWEN

Protransplant ass zanter November mat der Wanderexpo #LIEWEN ënnerwee uechtert d'Land, fir iwwer d'Theema vun der Organspend ze informéieren. De Lëtzebuerger Kënschtler Jacques Schneider hat dofir e Konschtwierk geschaaft: eng Lokomotiv, op där Biller vu Leit mat hirem Organspenderpass ze gesi sinn. E Modell vun deem Konschtwierk ass fir den Ament op der Uni Lëtzebuerg um Belval ze gesinn, am Mäerz plënnert d'Expo dann op hir nächst Statioun, an d'Infirmièresschoul op Waarken.