De Pompjeesverband fuerdert no der Reform, datt d'"Allocation de reconnaisance" fir d'Veteranen harmoniséiert gëtt. Tëschent "neien" an "alen" Veterane géifen et bei der Ausbezuelung grouss Ënnerscheeder ginn, gouf op der Generalversammlung ënnerstrach. D'Inneministesch Taina Bofferding hätt versprach, datt dat soll geännert ginn, sot de President vum Verband, de Marc Mamer am 100,7-Interview.
Contrôle médicale: ze streng
Zanter der Kreatioun vum CGDIS sinn d'Kritäre fir de Contrôle médicale fir Beruffspompjee mee och Benevollen an d'Luucht gesat ginn. Eng Dokteschvisite geet net méi duer, et sinn der e puer virgesinn. Bis een déi net gemaach huet, gëtt een inapte erkläert. Dat blockéiert d'Corpsen, seet de Marc Mamer - an engem Mooss, datt verschidde Corpsen zäitweis net operationell sinn. D'Kritäre virun der Reform wieren ni ze large gewiescht, seet de Marc Mamer. An de leschten 100 Joer wier finalement nëmmen ee Pompjee bei engem Asaz gestuerwen.
De Pompjeesverband vertrëtt 7.000 Leit - Fräiwëlleger vu lokale Pompjee a Leit aus der Protex, mee och d'Beruffspompjee. Et mécht ee sech Suergen iwwer den Nowuess: et sinn net vill Jonker prett, sech benevole z'engagéieren, esou de Marc Mamer. A Leit déi Loscht hunn, wéilten direkt op den Terrain - d'Ausbildung dauert awer ee Joer, esou de Marc Mamer