Déi europäesch Ekonomië wieren ouni dës Mesuren elo esou schwaach, datt se aus eegener Kraaft net kéinten aus der Kris erauskommen, seet de Gaston Reinesch.
Eng wichteg geldpolitesch Moosnam vun den Europäeschen Zentralbanke besteet jo doran, Obligatiounen opzekafen. Wann dat net géif gemaach ginn, wieren d'Zënse fir all déi ekonomesch Acteure vill méi héich.
Gaston Reinisch: Urteel vum däitsche Verfassungsgeriicht bënnt just déi däitsch Autoritéiten
Dat rezent Urteel vum Däitsche Verfassungsgeriicht stellt d'Geldpolitik vun der Europäescher Zentralbank net a Fro. Där Meenung ass de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank Gaston Reinesch. Fir den Eurosystem wier d'Cour de Justice Européenne déi zoustänneg Juridictioun. D'Urteeler vum Bundesverfassungsgeriicht géife just déi däitsch Autoritéite bannen.
"D'Bundesbank, wéi all national Zentralbank, huet zwou Dimensiounen, eng europäesch an eng, wou se national Funktiounen exekutéiert. Eng Bundesbank oder eng Lëtzebuerger Zentralbank exekutéieren d'Politique monétaire vun der Europäescher Institutioun, déi mir zesummen am Conseil des Gouverneurs entscheeden. Also an deem Sënn huet dat Urteel elo op eis keen Impakt, wat d'Artikulatioun vun där Politique monétaire ubelaangt."