Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zesumme mat der AMMD eng Léisung fannen

Tiers Payant

Zesumme mat der AMMD eng Léisung fannen

Gëschter huet der Initiatorin vun der Petitioun iwwert den Tiers payant Jill Sterba hir Iddi an der Chamber presentéiert. D'Petitioun war mat iwwer 7.000 Ënnerschrëften eng vun den erfollegräichsten ëffentleche Petitioune bis elo. D'Doktesch- an Zänndoktesch Associatioun AMMD weist sech net begeeschtert vum System. Den zoustännegen LSAP-Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider wëllt sech elo mat der AMMD zesummesetzen, fir eng Léisung ze fannen.

auto_stories

4 min

D'Jill Sterbe, Initiatorin vun der Petitioun. / Foto: CC BY-ND 2.0 Chambre des Députés

Duerch den Tiers payant léisst den Dokter an net de Patient sech vun der Gesondheetskeess rembourséieren. De Patient bezilt nëmmen nach deen Deel, deen net rembourséiert gëtt. Zu Lëtzebuerg funktionéiert dëse System schonn a verschiddene Beräicher. Ausserdeem gëtt et den Tiers payant social fir Leit, déi d'Suen net kenne beim Dokter virzestrecken.

"E Virdeel fir all d'Acteuren"

Bei de Kinéë gëtt et den Tiers payant scho méi laang an et wier een zefridde mam System, esou de President vun der Kinésassociatioun ALK Patrick Obertin am Dezember. De System géif et schonn an de Spideeler, an den Apdikten a bei de Kinéë ginn, an de System hätt sech bewäert. Hie begréisst, datt do eng gewëssen Transparenz geschaaft gëtt, an datt d'Leit dann och gesinn, wat, wou ofgerechent gëtt. Et wier e Virdeel fir all d'Acteuren, esou de Patrick Obertin.

Och d'Deputéiert an der Chamber hu sech gëschter zu engem gudden Deel fir den allgemengen Tiers payant ausgeschwat. D'Zäit déi virgesi war, fir der Petitionnairin Jill Sterba Froen ze stellen, gouf vun den Deputéierte genotzt, fir d'Positioune vun hire jeeweilege Parteien ze presentéieren. D'LSAP, déi Lénk, déi gréng an d'ADR hu gesot, datt si fir en allgemengen Tiers payant System wieren. Bei der LSAP géif dat och an de Wahlprogramm kommen, esou de Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider. Hie mengt, datt d'Parteie sech kloer wäerte positionéieren an hire Wahlprogrammer.

CSV: An Etappen zum Tiers payant

D'CSV wier net kategoresch fir oder géint den Tiers payant, esou den Deputéierte Jean-Marie Halsdorf. D'Iddi wier engem sympathesch, et misst een awer kucken, wat méiglech wier. De Wee dohinner kéint eventuell an Etappe geschéien, esou de CSV-Deputéierten. Et misst een awer och Alternativen analyséieren.

D'DP ass géint en allgemengen Tiers payant System. Et géif een d'Suerge vun der Doktesch- an Zänndoktesch Associatioun AMMD verstoen, esou den Edy Mertens, deen och Dokter ass. D'AMMD hat d'lescht Woch d'Petitioun "Neen zum Tiers payant généralisé" lancéiert - duerch den allgemengen Tiers payant géif d'CNS ze vill Kontroll kréien.

Den Tiers payant social géif den Ament net gutt funktionéieren, well d'Leit sech géife genéieren, fir en unzefroen, esou den Edy Mertens. Dofir kéint d'DP sech e fräiwëllegen Tiers payant System virstellen. Den Edy Mertens mengt, datt et gutt wier, wann de Patient am Besëtz vun enger Patientekaart wier, beispillsweis mat engem Chip drop. Falls de Patient dann net bezuele kéint, kéint den Tiers payant social automatesch applizéiert ginn. Den DP-Deputéierte kéint sech och virstellen, datt dësen Echange tëscht dem Dokter an dem Patient bleift. Dofir misst d'Informatik awer wesentlech verbessert ginn.

Zesumme mat der AMMD diskutéieren

No der Debatt an der Chamber krut de Minister vun der Sécurité sociale Romain Schneider vun der Petitiounskommissioun den Optrag, mat der AMMD a mat der CNS iwwert d'Verallgemengerung vum Tiers payant System ze diskutéieren. No der Ouschtervakanz soll de Minister d'Resultater vun dëse Gespréicher virun der Aarbecht- a Sécurité sociale Kommissioun presentéieren. Et géif een en éischte Rendez-vous an den nächste Wochen envisagéieren, esou de Minister op Nofro.

D'Doktesch- an Zänndoktesch Associatioun ass kloer géint eng Verallgemengerung vum Tiers payant. Et kéint een den Tiers payant och ouni Accord fir eng nei Konventioun tëschent AMMD a CNS aféieren, esou de Romain Schneider. Et géif ee sech awer fir d'éischt zesummesetze fir ze kucken, ob een dat gereegelt géif kréien. Et géif ee probéieren, d'Problemer z'identifizéieren a Léisungen ze fannen, esou de Minister. Méi spéit kéint een den Accord dann duerch eng Konventioun festhalen, oder d'Reglementatioun änneren.

E positive Bilan vun der Petitioun

D'Petitionnairin Jill Sterba erwaart sech Handlungsbereetschaft vum Minister, wann et net zu engem Accord mat de Partner géif kommen. Si erhofft sech, datt politesch duerchgegraff gëtt, sollten d'Dokteren net mam Tiers payant System averstane sinn. D'Bevëlkerung hätt gewisen, datt si den Tiers payant wéilt, esou d'Jill Sterba. Mat iwwer 7.000 Ënnerschrëfte war d'Petitioun 922 eng vun den erfollegräichsten ëffentleche Petitioune bis elo.

D'Jill Sterba huet e positive Bilan gezunn, nodeems si hir Petitioun gëschter virun der Chamber presentéiert huet. Dobäi gouf si vum President vun der Patientevertriedung René Pizzaferri an dem OGBL-Gewerkschaftler Carlos Pereira ënnerstëtzt, allen zwee och Membere vum Verwaltungsrot vun der CNS. Elo géif si um Ball bleiwen a reegelméisseg nofroen, wou den Dossier dru wier, esou d'Jill Sterba.