Radioen

On air

Notturno  |  Ananda Grows - Die Zufällige Explosion Des Nichts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zesumme Saachen ëmsetzen"

Gemengesyndikat

"Zesumme Saachen ëmsetzen"

De Gemengesyndikat Pro-Sud mat sengen eelef Südgemengen ass op der Sich no neie Memberen. Véier Gemenge goufen an de leschte Wochen ugeschriwwen. D'Gemenge Leideleng an Dippech hu matgedeelt, datt si net drun interesséiert wieren dem Gemengesyndikat bäizetrieden a soen, si wéilten éischter mat Gemengen am Zentrum respektiv am Westen zesummeschaffen.

auto_stories

2 min

Recken op der Mess a Réiser sinn eventuell interesséiert, Member am Pro-Sud ze ginn. Och wann d'Gemeng Réiser sech bereet erkläert Gespréicher mam Gemengesyndikat Pro-Sud ze feieren, géif et nach eng gewësse Skepsis ginn, seet de Réiser Buergermeeschter Tom Jungen (LSAP). Déi éischt Reaktioun vun der Gemeng Réiser, wéi si de Bréif vu Pro-Sud krut, wier net favorabel gewiescht.

Bei der Grënnung vu Pro-Sud wier d'Land a verschidde Regiounen agedeelt ginn, a Réiser hätt deemools dofir gekämpft, fir zur Südregioun gezielt ze ginn. Et wier een awer ëmmer dorop verwise ginn, datt een éischter zur Regioun Centre-Sud géif gehéieren, an et hätt een net kéinte bei Pro-Sud dobäi sinn.

Wat bréngt de Syndikat?

Am Ufank hätt een net verstanen, wat d'Plus-value fir d'Gemeng Réiser wier fir dem Gemengesyndikat bäizetrieden, seet den Tom Jungen. Et hätt een d'Gefill gehat, datt de Pro-Sud an de leschte Joren "an engem Selbstfindungsprozess" war. Dowéinst hätt ee sech net direkt am Gemengesyndikat erëmerkannt, esou de Buergermeeschter. No Récksprooch mam Schäfferot hätt hien awer decidéiert, fir sech mam President vu Pro-Sud, dem Roberto Traversini, ze treffen a sech auszetauschen.

De Roberto Traversini sengersäits ass iwwerzeegt, datt eng Memberschaft am Gemengesyndikat Virdeeler huet: Fir eventuell nei Gemengen am Pro-Sud kéint zum Beispill d'Kandidatur fir den UNESCO-Label fir d'Biosphärereservat interessant sinn. Et géif een am Ausland gesinn, datt vill Produzenten a Gemengen eppes vun dësem Label hätten, seet de grénge Buergermeeschter vun Déifferdeng. Awer och aner Theme wéi beispillsweis d'Mobilitéit kéint een am Pro-Sud diskutéieren.

Leit beienee kréien

Mee och fir Pro-Sud wier eng Vergréisserung vum Reseau interessant, seet de Roberto Traversini. Et géif net ëm d'Sue goen, mee dorëms, "einfach fir zesummenzehalen, fir zesumme Saachen ëmzesetzen". Dat misst een ëmmer erëm versichen. "Sou laang ech Politik maachen, versichen ech Leit beieneen ze kréien, amplaz ëmmer beim Schëld opzehale vun enger anerer Gemeng", esou de gréngen Député-Maire.

Am Laf vun dësem Joer sollen d'Gemengen an d'Vertrieder vu Pro-Sud sech gesi fir iwwer eng eventuell Memberschaft ze diskutéieren. D'Gemeng Réiser a Recken op der Mess wëlle vun dëser Offer profitéieren. Dono eréischt soll eng Decisioun falen. Bis op Weideres bleift de Syndikat Pro-Sud also bei eelef Member-Gemengen.