Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zesummen an engem klenge Raumschëff

Fräie Mikro

Zesummen an engem klenge Raumschëff

Dat 21. Joerhonnert ass nach jonk, mee et war scho bis elo net aarm u globale Problemer: Spektakulär Terror-Attacken, Finanz- a Scholdekrisen, Naturkatastrophen a Pandemie, an iwwer Allem d'Klimaverännerungen. A kaum eppes vun all deem ass nach lokal. Um Enn vun dësem Joer ass e gudde Moment op eis selwer emol vu baussen ze kucken, mengt de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL a sengem leschte Bäitrag am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

An enger Welt, déi duerch Handel a Kommunikatioun zesumme wiisst, wou eis Fligeren a Schëffer 24 Stonnen op 24 ënnerwee si fir eis Supermäert ze fëllen, wou per Internet Millioune vu Mënsche kennen direkt mateneen kommunizéieren, wou d'Suite vu Krise kee verschounen, misst et eigentlech esou lues aliichten, dass mir zu aacht Milliarde gemeinsam an engem ganz klenge Boot setzen.

Scho virun 200 Joer huet den deemools 31-järegen Arthur Schopenhauer eise Planéit zynesch beschriwwen als kleng Kurrel, banne waarm mat kaler Iwwerfläch, op där Mënschen an enger dënner Schimmelschicht liewen.

Vill spéider dunn, huet den amerikaneschen Astronom Carl Sagan - deen elo den 20. Dezember viru genau 25 Joer gestuerwen ass, treffend Wieder fonnt fir eis Welt vu baussen ze beschreiwen. Als gudde Pedagog huet hienaus 1990 d'NASA gefrot eng Foto vun eiser Äerd aus sechs Milliarde Kilometer aus der der Voyager-1 Sond opzehuelen. Dee winzeg klenge bleechbloe Punkt, deen op deem Bild kaum ze gesinn ass, huet hien duerno folgendermoossen beschriwwen - ech zitéieren:

"Hei ass eist Heem. ... Vun do ass jiddereen, deen Dir gär hutt, jiddereen, deen Dir kennt, jiddereen, vun deem Dir héieren hutt, all Mënsch, déi jeemools gelieft huet. Déi ganz Zomm vun eise Freeden a Leiden, Dausende vu Reliounen mat sécheren Iwwerzeegungen, Ideologien a wirtschaftlechen Doktrinnen, ..., all Helden an all Feiglingen, all Schëpfer an Zerstéierer ..., all Kinneken an all Baueren, ..., Erfinder an Entdecker, all Moralapostel, all korrupt Politiker, all "Superstaren", all "héchst Führer", ... hunn hei gelieft, op dësem Stëbskär ...

... Denkt un d'Flëss vum Blutt, déi vun all dëse Genereel a Keeser vergoss gouf, fir datt si, an Triumph an Herrlechkeet, kënne kurz de Meeschter vun engem Deel vun dësem Punkt ginn. Denkt un déi onendlech Grausamkeeten, déi d'Awunner vun engem Eck vun dësem Pixel den onbekannten Awunner vun engem aneren Eck opgezwongen hunn. Wéi se sech net eens ginn, wéi si sech géigesäiteg ëmbréngen, wéi grouss hiren Haass ass. .... Eise Planéit ass e klengen verloossene Fleck an enger grousser kosmescher Nuecht. An dëser Däischtert, an dëser ganzer Riesegkeet, gëtt et keen Zeechen datt Hëllef vu soss anzwuersch kënnt, fir eis virun eis selwer ze retten...

Et gëtt wuel keng besser Demonstratioun vun der Dommheet vu mënschlecher Abildung wéi dëst entfernt Bild vun eiser klenger Welt... "

Enn vum - staark gekierzten - Zitat.

Och wa mir et schwéier verstinn: de Mënsch ass nëmmen eng gelunge Form vun der Matière op engem verloossene Planéit. An d'Liewe gëtt et do nëmmen an enger dënner Schicht vun e puer Kilometer déck, där hir aussergewéinlech Konditiounen aus dem Gläichgewiicht geroden. A fir déi Schicht si mir gemeinsam verantwortlech.

Wann de Plastik, deen Europa an d'Drëtt Welt schéckt, op eisem Fëschteller zeréckkënnt, wann de Kuelendioxid, deen virun engem Joerhonnert ausgestouss gouf, am nächste Joerhonnert fir d'Iwwerschwemme vu Flandern suergt, dann dimmert eis, datt d'Mënschheet a Raum an Zäit op eng Manéier vereenegt ass, déi mir kulturell a politesch esou grouss Schwieregkeeten hunn, ze begräifen.

Mee Fridden, Fräiheet a Sécherheet vun Allen hänkt net um Stolz an un Identitéiten, mee u gemeinsame Reegelen, um Dialog, Verträg, gemeinsamen Institutiounen, kuerz gesot, un internationaler Kooperatioun. Ouni si wäerte mir déi ondicht Stelle vun eisem Raumschëff net flécke kennen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.