Zesummenaarbecht Post - Raiffeisen

D’Post wëll nach dëst Joer eng Decisioun huelen iwwert eng eventuell Zesummenaarbecht mat der Raiffeisen. D’Post a Raiffeisen fänken elo Verhandlungen un, iwwert en Zukunfts-Modell fir de Postchèque.

Well de CCP wéinst de niddregen Zënsen zanter Joren Perte mëscht, wëll d’Post ee rentabele Modell entwéckelen, dee gläichzäiteg awer och den Erwaardunge vun de Client’en entsprécht.

D’Post an d'Raiffeisen si sech nach net iwwert ee Modell eens ginn, mee onsen Informatioune no, kéint de Postchèque bei der Post bleiwen, mee Zougrëff op Finanz-Produit’en vun der Raiffeisen kréien, wéi beispillsweis de Spuerkont.

Fir Käschten ze spueren géing doriwwer nogeduecht ginn, fir Aktivitéiten vun der Post a Raiffeisen-Agencen z’integréieren. Vun de ronn 100 Post-Bureau’en am Land wieren der nämlech just puer rentabel. Hei stellt sech d’Fro ob d’Raiffeisen-Agencen och Post Courrier Aktivitéiten kéinten ubidden.

Méi am Bäitrag vum François Aulner:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen