Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zesummenaarbecht steet op wackelege Been

Däitschland

Zesummenaarbecht steet op wackelege Been

An der Corona-Kriis ass déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel vun de Ministerpresidenten aus de Bundeslänner ofhängeg. Ouni déi Ënnerstëtzung ass d'Muecht vun der Regierungscheffin begrenzt. Mee déi Zesummenaarbecht steet op wackelege Been, mengt de SPIEGEL-Journalist an 100,7-Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch an der Auslandschronik.

auto_stories

2 min

Wéi d'Angela Merkel lescht Woch no engem haarden Dag Verhandlunge mat de Ministerpresidentinnen a -presidenten virun d'Press koum, huet se eng Saach ëmmer nees betount: Si wier frou, datt ee sech op eng gemeinsam Linn verstännegt hätt. Datt ee géif zesummeschaffen. Datt dat och sou bléiwe sollt.

An de leschte fënnef-sechs Wochen vun dëser Corona-Kris ass an Däitschland eng Saach ganz däitlech ginn: Nämlech wéi komplizéiert de Federalismus eng gemeinsam Linn tëscht 16 Bundeslänner mécht. Dat huet verschidde Grënn: dee wichtegsten? Datt d'Gesondheetspolitik Kompetenz vun de Bundeslänner ass. Doduerch mussen eng ganz Rëtsch vun de wichtege Decisiounen op regionalem Niveau getraff ginn - Infektiounsschutz-Gesetz hin oder hier.

Ugewisen un d'Bundeslänner

An dat bréngt d'Crux fir d'Angela Merkel mat sech. Wa si d'Land wëllt duerch dës Kris féieren - an zwar am wuertwiertleche Sënn - dann ass si op déi regional Regierungscheffen ugewisen.

Et läit allerdéngs an der Natur vum Federalismus, datt dat net ëmmer sou einfach ass. Well egal, wéi oft d'Kanzlerin virun der Press déi "Ach-sou-gemeinsam-Linn" lueft - am Endeffekt schaffen hei 16 Politiker fir hiert Bundesland. A fir sech: Ass et zum Beispill verwonnerlech, datt en Armin Laschet - Regierungschef vun Nordrhein-Westfalen an ëmmerhin Kandidat fir den CDU-Parteivirsëtz - sech duerch d'Fuerderung no Lackerungen wëll profiléieren?

Et läit Sträit an der Loft

Huele mer elo mol d'Beispill vun der Mundschutzpflicht. Wärend Nordrhein-Westfalen, déi sech um Wee vun der Besserung gesinn, kloer dogéint sinn - sinn anerer, wéi Bayern, u sech dofir. D'Resultat dovun: et gëtt elo keng Mundschutzpflicht. Eng Victoire fir all Ministerpresident, wéi den Armin Laschet, déi dogéint sinn.

Natierlech ass d'Kritik berechtegt, datt dëst dem Corona-Krisestaf vun der Regierung Géigewand gëtt. Och dat läit an der Natur vum Federalismus. Mécht et d'Aarbecht vun de Regierungscheffin Angela Merkel an dëser Ausnamezäit méi einfach? Sécherlech net. Et wier net verwonnerlech, wann d'Fro ëm d'Lackerung vun de Mesuren an engem Sträit tëscht Berlin an de Bundeslänner gipfelt.