Radioen

On air

De Moien  |  Hannah Ida - East Of Eden Feat. Florian Van Kooy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zevill Kompromësser a keng Majoritéit

No de Wahlen an Holland

Zevill Kompromësser a keng Majoritéit

Genee dräi Méint sinn et hir, datt an Holland gewielt gouf. Mä et ass nach ëmmer keng nei Regierung a Siicht. Dës Woch sinn d'Koalitiounsgespréicher tëscht deenen hollännesche Gréng an dräi anere Parteien an engem zweeten Ulaf definitiv schif gaangen. Et gouf prinzipiell Differenzen an der Flüchtlingspolitik.

auto_stories

2 min

Nodeems an Holland een neien Informateur ernannt gouf, war d'Hoffnung grouss, datt an enger zweeter Ronn endlech e Regierungsaccord géing fonnt ginn. Dem Informateur seng Aufgab ass et, d'Méiglechkeete fir eng nei Regierungsbildung ze sondéieren. Déi zwou konservativ Parteien an déi Lénks-liberal schénge sech eens ze sinn, datt si zesummen eng Regierung wëlle forméieren. Mä si brauchen nach op d'mannst eng weider Partei fir eng Majoritéit ze kréien.

Dës véiert Partei wier entweder eng lénks Partei, déi vis-a-vis vun deenen zwou konservative Parteie vill Kompromësser misst maachen. Oder eng drëtt konservativ Partei, wouriwwer déi lénks-liberal net frou wieren.

De Favorit als véiert Partei waren déi hollännesch Gréng. Mä a punkto Flüchtlingspolitik sinn d'Differenzen tëscht deene Gréngen an de konservative Parteien ze grouss bliwwen. Et goung ëm d'Verträg, déi d'Europäesch Unioun mat nordafrikanesche Länner schléisse soll fir Flüchtlingen aus Afrika opzefänken. Deenen hollännesche Gréngen no wier sou ee Vertrag ähnlech wéi den EU-Flüchtlingsaccord mat der Tierkei. Hir Experte ginn dovun aus, datt deen an der Praxis géint d'Flüchtlingsofkommes vun de Vereenten Natioune géing verstoussen.

Regierung mat enger Majoritéit

An Holland gouf laang probéiert e gemeinsame Standpunkt tëscht deene véier Parteien ze fannen. Mä zum Schluss konnt keen Accord ënnerschriwwe ginn. Deene Gréngen no wéilten déi konservativ Parteien déi südlech Grenze vun Europa prinzipiell zoumaachen. Fir déi Gréng mussen awer all politesch Flüchtlingen d'Méiglechkeet garantéiert kréien, fir an Europa ze kommen. Wier dat net de Fall, misst d'Partei hir Idealer esou staark vernoléissegen, datt et fir si net méi vertrietbar wier.

Theoretesch hätt et misste méiglech sinn, datt dës véier Parteie sech an der Mëtt getraff hätten. Mä well sech an der Wahlcampagne alles drëm gedréint huet, fir de Rietspopulismus an hire Kandidat Geert Wilders ze schwächen, hunn déi zwou konservativ Parteie während der Campagne hir Asylpolitik ëmmer méi verschäerft. Si hate gehofft, d'Wieler vun der riets-populistescher Partei fir sech ze gewannen. Déi hollännesch Gréng dogéint hunn éischter eng prinzipiell Géigestëmm dozou gebueden.

Sou gutt wéi all Mënsch dierft zu Den Haag eng Regierung mat enger Majoritéit wëllen. Mä d'Parteien, déi entweder net an d'Regierung wëllen oder déi net zu engem Accord mat deenen dräi onëmgängleche Parteie kënne kommen, hunn zesummen 79 Sëtz an domadder d'Majoritéit.

Problemer mat der Regierungsbildung an Hollandplay_arrow