Radioen

On air

Notturno  |  Gilad Hekselman - Verona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zousätzlech Capacitéiten

GovSat

Zousätzlech Capacitéiten

D'Regierung keeft méiglecherweis iwwer hir zéng Prozent eraus zousätzlech Capacitéiten um Militärsatellit Govsat. Op der Rees an d'USA huet de Verteidegungsminister François Bausch festgestallt, datt et weider Interessi gëtt, fir iwwer d'Regierung Capacitéiten ze notzen.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Boris Rabtsevich

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


Eent hëlt de François Bausch fir ewech: et géif een dat net maache fir de GovSat ze retten, mee et hätt ee mat der Minusma-Missioun déi zéng Prozent nach net ausgeschöpft.

Internationalen Interessi

D'Uno, déi de François Bausch an den delegéierte Verteidegungsminister Henri Kox d'lescht Woch besicht hunn, hätt Interessi drun, datt d'Lëtzebuerger Regierung nieft der Notzung beim Mali-Asaz, weider Kommunikatiounscapacitéiten zur Verfügung géif stellen. De François Bausch an den Henri Kox waren och fir Gespréicher am Pentagon.

Déi amerikanesch Arméi hätt immens Problemer op hire Krichsschëffer, seet de François Bausch. "Do sinn Zaldoten, déi hätte gäre Wifi, Telekommunikatiounsméiglechkeeten", seet de Minister. Déi Méiglechkeete wieren awer ganz schlecht, "dat heescht iwwer Breetband, iwwer Satellit kéinte mir hinne ganz aner Saachen ubidden". Dofir géif et e ganz kloren Interessi ginn, esou de François Bausch.

En neie Präis

An deem Kader wier et eng Méiglechkeet, datt de Staat op 15 oder 20 Prozent oder vläicht esou guer méi géif eropgoen, esou de Verdteidegungsminister. Hie betount awer: nëmmen en Fonction vu reelle Projeten. Jee nodeem, ob déi intensiv Gespréicher mat der UNO an anere sech am Laf vum Joer géife konkretiséieren, kéint dat relativ séier goen. De François Bausch gëtt ze bedenken, datt wann een op 30 Prozent wéilt eropgoen, datt een dofir en neit Gesetz bräicht.

Sollt d'Regierung méi Capacitéite bei GovSat kafen, géif dat awer net heeschen, datt een onbedéngt deen nämmlechte Präis géif bezuelen, wéi de Staat fir déi éischt zéng Prozent ënner dem François Bausch sengem Virgänger Etienne Schneider bezuelt huet. Et géif ee kucken, wéi de Präis um Marché ass, seet de François Bausch:

"Et ass net eng Operatioun, déi mer hei maachen, datt mer einfach de GovSat wéilte bezuelen. Et geet drëms nëtzlech Saachen ze maachen, well mer dat als Staat brauchen, well mer einfach Demandë vun internationalen Organismen hunn."

Déi zousätzlech Capacitéiten, déi der Uno an aneren dann zur Verfügung gestallt géifen, kréich Lëtzebuerg och als Defense-Ausgab unerkannt.