Zousätzlech Iwwerwaachung vum Finanzsecteur: Diskussioun ass lancéiert

An der Diskussioun iwwert eng nei zousätzlech Iwwerwaachung vum Finanzsecteur ass den Eugène Berger net mam Avis vun der europäescher Zentralbank averstan. Den DP-Fraktiounschef a President vun der Finanzkommissioun mengt am 100,7-Interview, am geplangte Comité fir de systemesche Risiko soll d’lëtzebuerger Zentralbank net méi Pouvoire kréie wéi déi aner dräi Acteuren an deem Gremium. Déi aner Acteure kéinten net just Spectateur sinn.

Den europäesche Recommandatiounen no, sollen d’Zentralbanken eng féierend Roll an där neier makro-prudentieller Finanziwwerwaachung spillen. “Mir mussen dat awer esou ëmsetzen, datt et an de lëtzebuerger System passt”, mengt den Eugène Berger. D’Chamber misst sech vum Hierscht un intensiv mat de Gesetzestexter vum Pierre Gramegna ausernee setzen.

Den Interview vum Jean-Claude Franck mam Eugène Berger:

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen