Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zréck op d'Feld

Transition Days

Zréck op d'Feld

Wëssen wou, wéi a vu wiem engem säin Iesse produzéiert gëtt, mat den eegenen Hänn schaffen an erëm e Bezuch zur Ëmwelt an de Saisone kréien - en Trend vun dëser Zäit? Neen, et ass eng Liewensastellung. Do si sech déi Leit, déi dëse Weekend un den "Transition Days" deelgeholl hu eens.. Wat sinn den Acteuren vun der éischter Editioun vun dësem Festival hir Beweeggrënn, erëm "zeréck op d'Feld" ze goen?

auto_stories

9 min

D'Annick Feipel hat en "normale Bürosjob", huet awer mat der Zäit gemierkt, datt si dat net frou mécht. "Ech wollt eigentlech nees eppes mat mengen Hänn maachen." Déi jonk Fra huet sech lues a lues méi iwwer d'Ernährung informéiert. Wouhier kënnt eigentlech dat, wat um Teller läit a wien huet et wéi produzéiert? Froen, déi sech ëmmer méi opgedrängt hunn. D'Annick Feipel huet sech e klenge Gaart ugeluecht - engersäits fir mat den eegenen Hänn ze schaffen - anerersäits fir d'Saisonen erëm kennen ze léieren.

"Dat huet mer wierklech vill zeréck bruecht. Do hunn ech dee Moment Terra fonnt. Zanterhier sinn ech op där Schinn ënnerwee. Ech denken net, datt ech dovunner nach emol ofzebrénge sinn, well dat bréngt mer wierklech vill méi wéi dat, wat ech virdru gemaach hunn."

Konsument a Produzent komme sech méi no

Terra, dat ass ee vun den am Moment véier solidaresche Landwirtschaftsprojeten hei zu Lëtzebuerg.

  • "Terra" gëtt et Ufank 2014. Eng solidaresch Landwirtschaft vun 1,5 Hektar um Eecherfeld, eng zéng Minutte vun der Stad Lëtzebuerg ewech. Et gi keng Pestiziden oder chemesch-synthetesch Düngemëttel agesat.
  • "Krautgaart" huet 2015 als solidaresch Landwirtschaft ugefaangen. Si funktionéieren nom "no dig"-Prinzip vum Charles Dowding a Richard Perkins - Eng Ubaumethod ouni Buedembeaarbechtung. Et gi keng Pestiziden oder chemesch-synthetesch Düngemëttel agesat an d'Planzen gi vum Som opgezunn.
  • "Frombuerger Haff" ass eng solidaresch Landwirtschaft, déi d'lescht Joer vum Jeff Weydert op sengem Haff lancéiert gouf. Interesséierter kënnen, géint Bezuelung, selwer hiert Geméis recoltéieren. Den Haff ka sech nach net als Bio ausginn, funktionéiert awer no de Prinzipien vun der Nohaltegkeet.
  • "Gaart-à-vous", e Projet vun der Kooperativ "Vun der Atert". Zil vun der Kooperativ ass et och, d'Produzenten aus der Regioun méi no beieneen ze bréngen, dowéinst gëtt op d'Zesummenaarbecht mat ënner anerem dem Thessy Klein vum Biekerecher Geméisgaart gesat.

An enger solidarescher Landwirtschaft produzéiert de Bauer oder Gäertner fir eng fest Grupp vu Konsumenten, déi dësen am Viraus fir seng Aarbecht bezuelen. Am Géigenzuch kréie si dofir déi ganz Saison iwwer frësch Produiten vum Haff respektiv aus dem Gaart. Dacks a Form vu Geméiskierf, déi eemol d'Woch kënne vun de Konsumenten respektiv Matproduzenten ofgeholl ginn.

"D'Konsumenten droen de Risiko och mat, wann elo eppes géif geschéien. Zum Beispill wa mer duerch d'Wieder eng schlecht Recolte hunn. Mir sinn domat dann ofgeséchert, well si sech scho vun Ufank un abezuelt hunn. Si wëssen dat vun Ufank un, datt et net ass wéi am Supermarché, wou ëmmer alles zur Verfügung steet. Mä datt et vun der Saison ofhänkt a si léieren dee Moment och d'Saisonen erëm kennen. Si léieren och kennen, wat et bedeit, wann et elo dräi Méint dréchen ass."

Sech un der Aarbecht bedeelegen

Fir dem Bauer oder Gäertner ze hëllefen, iwwer schwiereg Perioden ewechzekommen, besteet och d'Méiglechkeet, sech un der Aarbecht oder der Planung ze bedeelegen. Donieft ass de Bauer net méi un d'Präisser um fräie Marché gebonnen.

  • Méi Informatiounen iwwer Solidaresch Landwirtschaften fënnt een op der Internetsäit: solawi.lu

Op der éischter Editioun vun den "Transition Days" huet sech alles ronderëm d'Thema klimafrëndlech Iessen a Wirtschaften gedréit

Net nëmme mat den Hänn mä och mat PS schafft de Paul Schmit vun der ASBL "Schaff mat Päerd". Hien entwéckelt hei zu Lëtzebuerg Prototyppen fir mat modernen Techniken mat de Päerd am Bësch respektiv am Gaart ze schaffen. D'Organisatioun, déi et elo zënter fënnef Joer gëtt, schafft mat der Uni zu Turin an Italien zesummen, wou elo véier Masteraarbechten ausgeschriwwe goufen, fir nei Maschinnen ze entwéckelen. Besonnesch fir jonk Leit, déi an Italien keng Aarbecht fannen, esou de Paul Schmit. D'Maschinne bidden de jonke Leit eng Hëllef an de Bierger op terrasséiert Felder ze schaffen.

"Mir wëllen hinnen d'Méiglechkeet ginn, sech do erëm e Liewensënnerhalt ze schafen an déi do dann erëm kleng Landwirtschaften ufänken."

"De Buedem bleift méi geschützt"

Och mat solidaresche Landwirtschaftsbetriber an Däitschland an a Frankräich schafft d'Asbl zesummen. Dës Betriber bauen haaptsächlech Geméis un an "do hunn d'Päerd vill Virdeeler. E Päerd kann een net op engem Honnert Hektar Betrib asetzen, mä an esou klenge Geméisbetriber mécht et scho Sënn."

Sënn, well de Buedem duerch d'Schaffe mat de Päerd net esou verdicht géif ginn, wéi wann ee mat Trakteren duerch d'Felder géif fueren. An enger Etude vun der Uni Kiel - déi sech iwwer dräi Joer gezunn huet - ass donieft erausfonnt ginn, datt de Buedem méi gesond bleift an d'Planze besser wuessen, esou de Paul Schmit.

"Et huet een eng Kreeslafwirtschaft: Deen Dünger, deen d'Päerd op seng natierlech Manéier produzéiert, kann een erëm am Betrib asetzen. Et brauch een also och keen Düngungsmëttel vu baussen anzesetzen."

De Paul Schmit schafft mat senge Päerd just do, wou net gesprëtzt a chemesch-synthetesch gedüngt gëtt

Iwwerhaapt schafft de Paul Schmit mat senge Päerd ausschliisslech do, wou net gesprëtzt a chemesch-synthetesch gedüngt gëtt. Hie wëll seng Déieren net deene gëftege Stoffer aussetzen. Mat Päerd ze schaffen erfuerdert allerdéngs vill Gedold an Zäit, well e Päerd ass lieweg esou de Paul Schmit.

"Et ass keng Maschinn, bei där een op de Knäppchen déckt oder en Hiewel zitt. E Päerd ass normal ausgewuess mat fënnef Joer, da kënne si och richteg schaffen - mir maache jo keng 'Kinderarbeit' mat hinnen," laacht de Paul Schmit.

Mat zwee Joer kéint een ufänken, d'Päerz ze "winnen" an hinnen d'Grondbegrëffer bäizebrengen.

"Eis Päerd ginn och ouni Gebëss am Mond ugespaant. Mir leeën och Wäert drop, datt si bei eis kommen, fir matzeschaffen an, datt et keng Qual fir si ass. Dat passt nämlech och net méi an déi haiteg Zäit. Et gëtt ëmmer gesot 'déi gutt al Zäit vu fréier', mä dat war awer net déi gutt al Zäit vu fréier, op d'mannst fir d'Päerd net, dat war schonn haart Aarbecht."

Kontakter kréien an zesumme schaffen

Fir de Paul Schmit ass esou e Festival wéi d'Transition Days eng gutt Geleeënheet, mat aneren Acteuren am Secteur Kontakt opzehuelen an eventuell zukünfteg Zesummenaarbechten ze realiséieren. Zum Beispill mam Lycée technique agricole zu Ettelbréck, wou d'Asbl mat op d'"Feldbegehungstage" géif goen. Och mat Terra schaffe si zesummen an hëllefen hinnen, de Kompost auszebréngen.

De Paul Schmit gesäit, datt sech lues a lues ëmmer méi Organisatioune grënnen, déi selwer Hand uleeën an mat den Hänn schaffen. D'Leit géife sech ëmmer méi Gedanke maachen iwwer dat, wat si iessen a wéi et produzéiert gouf.

"Our Food - Our Future. Bien manger et sauver le climat?" esou war déi éischt Editioun vun den Transition Days de leschte Weekend iwwerschriwwen. De Choix vum Iessen huet den Organisateuren no och Auswierkungen op de weltwäite Klima Changement.

Sech klimafrëndlech ernähren

Déi weltwäit Ressource kéinten duerch de massive Waasserverbrauch bei der Produktioun vu bestëmmte Geméiszorten, déi keng Saison hunn oder och beim Fleesch, ëmmer méi ausgeschöpft ginn. Op eng méiglechst saisonal a regional Produktioun vun hire Produiten passt och d'Freelance-Kächin Laura Franck op. De Konsument géif e bëssen d'Iwwersiicht verléieren, ob Bio elo d'Léisung wier oder éischter dat Lokaalt.

"Ech mengen et ass virun allem eng Tracabilitéit ze hunn vum Produit. Datt ee weess, wou en hierkënnt a wien e gemaach huet a wéi et gemaach ginn ass. Et ass wichteg, datt déi Transparenz och erëm bei de Konsument kënnt. Dat ass virun allem am Klimawandel wichteg, well wann ee mat lokalen Produzenten zesummeschafft, huet een do och e méi kuerze Wee, wou ee kann ënnerstëtzen."

Der Freelance Kächin Laura Franck ass de Kontakt mat hire Produzenten extrem wichteg "et muss ee si ënnerstëtzen"

Als fräischaffend Kächin passt d'Laura Franck ganz staark drop op, wéi d'Produzenten, mat deenen si zesumme schafft, hir Produiten hierstellen. Donieft ass der jonker Fra besonnesch de Kontakt mat hinnen immens wichteg an datt si anstänneg fir hir Wueren bezuelt ginn, "well si eng haart Aarbecht maachen." Als klenge Produzent zu Lëtzebuerg wier et schwéier, sech op deem globale Marché duerchzesetzen. Esou Initiativen misst en dowéinst och ënnerstëtzen.

D'Laura Franck gesäit eng Liewensëmstellung bei de Leit. Et wier net méi nëmmen eng Minoritéit, déi sech fir d'Ernährung an d'Gesondheet géif interesséieren. D'Iessen, esou d'Freelance Kächin concernéiert jiddereen.

"De richtege Präis bezilt ee mat der Gesondheet"

"Fréier oder spéider, wann ee vläicht de Präis net mat sengem Iesse bezilt, bezilt een e mat der Gesondheet. Et soll ee sech bewosst sinn, wéi vill Suen, dee verdéngt, deen déi haart Aarbecht gemaach huet, ob dat elo de Gäertner ass oder deen, deen de ganzen Dag am Schluechthaus steet. An där ganzer Liewensmëttelchaîne sinn dacks d'Gewënner déi grouss Konzerner a leider net déi, déi et produzéieren."

Fir de System ze änneren misst een elo wahrscheinlech duerch eng Transitiounsphas goen. Mä wann d'Leit géife mierken, wat si gären hunn, da géif sech de System änneren. Et wier e Bewosstsinn, dat een net erzwénge kéint.

"D'Leit sinn einfach frou, wa si een hunn, deen hinnen hir Froen beäntwert an dat fënnt een net an de Supermarchéen. D'Froe gi beäntwert vun deenen, déi d''Métiers de Bouche' maachen, dat heescht e Metzler, Bäcker oder e Käch. Mir sinn eigentlech déi, déi tëscht de Konsumenten an de Produzenten stinn.

Als Professionell am Liewensmëttelberäich kéint een dee Message weider vermëttelen a vill méi Froe beäntweren, déi d'Clienten hätten.