Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zu Lëtzebuerg géif esou ee Peage net vill bréngen"

Pkw-Maut

"Zu Lëtzebuerg géif esou ee Peage net vill bréngen"

Deen neie Peage fir Autoen an Däitschland soll schonn am Oktober d'nächst Joer ageféiert ginn. De Lëtzebuerger Mobilitéitsminister François Bausch reagéiert éischter geloossen dorop. An hie betount: Lëtzebuerg hätt kuerzfristeg net wëlles, och ee Peage op den Autobunnen hei am Land anzeféieren.

auto_stories

3 min

Am Oktober 2020 soll an Däitschland eng Pkw-Maut ageféiert ginn. Foto: Bigstock / kipgodi.

Laang war iwwer d'Pkw-Maut an Däitschland gestridde ginn. Éisträich an Holland hunn um Europäesche Geriichtshaff dogéint geklot. D'Uerteel steet nach aus. De Virworf: De Peage géif géint d'europäesche Recht fir gläich Behandlung verstoussen, well d'Auslänner bezuele mussen, mee däitsch Automobilisten d'Maut iwwer d'Autosteier kompenséiert kréien.

Och d'EU-Kommissioun hat eng Prozedur an d'Weeër geleet, déi no Upassungen awer nees fale gelooss gouf. D'Chancen, datt Éisträich an Holland um Europäesche Geriichtshaff Recht kréien, goufen doduerch méi kleng.

Keng nei Annonce

An um Ufank vum neie Joer huet den däitsche Verkéiersminister Andreas Scheuer annoncéiert, datt déi ëmstridde Pkw-Maut am Oktober 2020 kënnt. "Und wir bleiben im finanziellen und wirtschaftlichen Rahmen, der uns vom Parlament vorgegeben wurde. Das heißt: Wir können Gerechtigkeit auf deutschen Straßen schaffen, weil jeder, der unsere Infrastruktur benutzt, der zahlt auch, ohne Mehrbelastung für die Inländer."

Bei der Lëtzebuerger Regierung huet déi Annonce keng extra Reaktioun ausgeléist, sou den Transportminister François Bausch. Déi Annonce wier näischt Neies gewiescht, an hie géif weider d'Meenung vertrieden, datt een an Europa dréngend misst "diskutéieren iwwer eng Harmoniséierung vun deene Mautsystemer, iwwer ee méiglechst eenheetleche System an Europa".

Verkéier net op Niewestroosse verleeën

An esou laang et esou ee System net gëtt, géif et kee Sënn maachen, och zu Lëtzebuerg en allgemenge Peage op den Autobunnen anzeféieren. Zu Lëtzebuerg géif et just ee klengen Autobunnsreseau ginn, a wann een e Peage op dësem klengem Reseau géif aféieren, da géif dat just dozou féieren, datt de Verkéier op déi sekundär Stroosse verluecht géif ginn. "An dat ass jo net de Sënn, mir bauen d'Autobunne jo nach aus, fir datt mir méiglechst den Transitverkéier drop halen", esou de François Bausch.

Beim deem Transitverkéier si vill Camionen dobäi: si fueren och wéinst den niddregen Dieselpräisser gären duerch Lëtzebuerg. Do betount de François Bausch, datt d'Camionen net fir näischt iwwer d'Lëtzebuerger Autobunne fueren, well och de Camionsverkéier géif ënner de Vignettësystem falen. Dat géif fir de Staat och Recettë bedeiten, esou den Transportminister.

Eng Harmoniséierung vun de Systemer

Mat Bléck op eng europawäiten harmoniséierte Peagesystem wier d'EU am Gaange Richtlinnen auszeschaffen, sou nach de François Bausch. Hien hätt och eng Etüd maache gelooss, wat fir Lëtzebuerg dat sënnvollst wier. Wann een an d'Richtung vun engem generelle Peage goe wéilt, da misst ee sech un déi Reseauen uschléissen, déi et scho ginn, also den däitschen oder de belsche Reseau. Dofir wier et allerdéngs nach vill ze fréi, mengt de François Bausch.

Lëtzebuerger Automobiliste mussen sech awer wuel schonn op d'Maut an Däitschland astellen. Vun Oktober 2020 u wäerte si op däitschen Autobunne bezuele mussen. D'Präisser sinn nach net definitiv a variéieren, jee no Auto, a jee nodeem wéi laang een an Däitschland ënnerwee ass.