Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Reaktioun "einwandfräi a ganz séier"

Fipronil-Skandal

Lëtzebuerger Reaktioun "einwandfräi a ganz séier"

D'Kommunikatioun op europäeschem Niveau hätt awer net optimal funktionéiert, well ee Land de Fipronil-Problem ze spéit gemellt hätt, seet d'Lydia Mutsch. D'Gesondheetsministesch confirméiert, datt de Problem an Holland oder an der Belsch entstanen ass.

auto_stories

2 min

D'Gesondheetsministesch seet, si wéilt net mam Fanger op iergendee weisen. "Mä ech mengen, dat muss op deenen nächsten informelle Conseile thematiséiert ginn. Mengen Informatiounen no ass dat schonn um nächsten informelle Conseil, deem vun de Landwirtschaftsministeren, de Fall."

"Et ass wichteg Zäit verluer gaangen"

Déi performant Systemer, déi een um nationale Plang hätt, wieren nëmme sou gutt, wéi den europäesche Gesamtsystem géif funktionéieren, esou d'Lydia Mutsch.

"An dësem Fall war wierklech eng Informatioun net schnell genuch weider gaangen. Dofir ass och wichteg Zäit verluer gaangen, fir de Verbraucher schnell z'informéieren."

Wéi ee Land fir de Skandal responsabel ass, wollt d'Ministesch net soen. Si confirméiert awer, datt de Problem an Holland oder an der Belsch entstanen ass. "Et ass effektiv eent vun deenen zwee Länner, wat déi Informatiounen iwwert déi national Situatioun net schnell genuch agespeist huet an deen europäesche System."

Wéi eng Sanktiounen?

D'Informatiouns Transferte wieren net esou séier geschitt, wéi een et hei am Land gewinnt wier, seet d'Lydia Mutsch. Op europäeschem Niveau misst elo ënnert anerem beschwat ginn, mat wéi enge Sanktiounen Länner musse rechnen, déi e Problem net séier genuch mellen. Méi konkret Fuerderunge wollt d'Lydia Mutsch awer net nennen.

Interview mam Lydia Mutschplay_arrow