Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu Porto war d'Glas hallef voll

EU-SOZIAL-SOMMET

Zu Porto war d'Glas hallef voll

Déi grouss Majoritéit vun de Bierger wënscht sech, datt d'EU méi um soziale Plang ze soe kritt. Zu Porto goufen zwou Deklaratiounen ënnerschriwwen, kloer Engagementer vun de Memberlänner, déi zoustänneg fir d'Ëmsetze vun der Sozialpolitik sinn, gouf et net. Trotzdeem fält de Bilan bei ville positiv aus.

auto_stories

6 min

D'Pandemie an déi laang Phase, an där déi allermeescht Reuniounen online ofgehale goufen, huet dësem sozialen Rendezvous eng besonnesch Dimensioun ginn. D'Freed doriwwer, datt sech zu Porto, d'Participante vum EU-Sozialsommet op d'mannst deelweis physesch konnte gesi stoung villen am Gesiicht geschriwwen.

D'EU ass ëm 2 Deklaratioune méi räich

Et war déi portugisesch Presidence vun der EU, déi d'Initiative fir dee Sozialsommet geholl hat. Eng Suite vum Virgänger-Sommet 2017 zu Göteborg, wou 2017 feierlech den Europäesche Pilier fir sozial Rechter mat 20 Grondprinzippie fir déi europäesch Sozialpolitik ausgeruff gouf. De Nicolas Schmit, deemools mat derbäi als Lëtzebuerger Aarbechtsminister erënnert sech.

"Deemools hunn ech gemengt: Voilà, eng Deklaratioun de plus. Wat geschitt, datt gesi mer, warscheinlech net ganz vill"

sou Nicolas Schmit, haut EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales a souzesoen zoustänneg dofir, d'Ëmsetze vu Göteborg ze organiséieren.

Panorama-Bäitrag vum 6. Meeplay_arrow

Nom Sommet zu Porto ass d'EU net ëm eng mee direkt ëm zwou Deklaratioune méi räich. Am éischte Pabeier ruffen d'Sozialpartner zesumme mat Vertrieder vun den EU-Institutiounen dozou op, den Aktiounsplang ëmzesetzen, deen de Nicolas Schmit am Mäerz presentéiert huet. Mat konkreten Ziler, déi bis 2030 sollen erreecht ginn. 78 Prozent vun de Leit an der EU solle bis dohin eng Aarbecht hunn, heescht et doran zum Beispill. D'Länner sollen national Ziler op stellen, en vue vun deem Plang, sou den Opruff an där 1. Deklaratioun, déi een engem héijen EU-Diplomat no als eng Zort Manifest kéint ugesinn.

Deen zweete Pabeier, d'"Deklaratioun vu Porto", hunn d'Staats- a Regierungscheffen adoptéiert. Wat hunn déi zwee Texter mateneen ze dinn? "Et gi keng grouss Ënnerscheeder, keng Kontradiktiounen, deen een ass méi formell wéi den aneren", seet dozou de Xavier Bettel, deen als Lëtzebuerger Premier d'Deklaratioun vu Porto mat ënnerschriwwen huet.

Doriwwer gouf am Virfeld laang gestridden, erauskoum wéi sou dacks an der EU, een Text, an deem fir jiddereen eppes dran ass. Konkret Engagementer ginn iwwerdeems net schwaarz op wäiss festgehalen.

Nicolas Schmit: "Porto wäert net esou einfach ewechzedenke sinn"

Fir de Nicolas Schmit, haut EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, ass d'Glas trotzdeem hallef voll.

"Déi Positioun hätt kenne méi ambitiéis sinn, dat soen ech ganz kloer. Wichteg ass et awer, datt se weist, datt mer op der Linn, datt déi sozial Dimensioun muss gestäerkt ginn, weiderschaffen, Porto wäert net esou einfach ewechzedenke sinn."

Déi Linn awer ass nach net ganz däitlech gezunn.

D'Ëmsetze vum sozialen Aktiounsplang wäert d'EU méi staark matmaachen an dozou bäidroen eng sozial an ekonomesch Konvergenz ze erreechen, heescht et zimmlech vage an der Deklaratioun vun de Staats- a Regierungscheffen. Konkret Ziler wéi zum Beispill am Klimaschutz setze sech d'Memberlänner net.

Luca Visentini: Deklaratioun vu Porto ass ee grousse Schratt no vir

Mee och de Bilan vum Gewerkschaftsvertrieder fält erstaunlech positiv aus. Fir de Luca Visentini, Generalsekretär vum Europäesche Gewerkschaftsbond kënnt et elo drop un, datt Memberlänner déi national Politik op d'Been setzen, fir d'Ziler vum Aktiounsplang ze erreechen.

Panorama-Bäitrag vum 7. Meeplay_arrow

D'Deklaratioun vu Porto vun de Staats- a Regierungscheffen huet awer fir hien duerchaus eng grouss Bedeitung.

"Et ass fir d'éischte Kéier datt si Konklusiounen adoptéieren, déi sech exklusiv op dat Soziaalt konzentréieren, dat ass nach ni geschitt an der Geschicht vun der EU, dat muss ee gesinn, zweetens ginn d'Ziler jo och ernimmt. Dat ass fir eis ee grousse Schratt no fir."

Xavier Bettel: Keng contraignant Ziler, mee een Engagement

Mee wat gëtt Porto dann elo deenen, déi decidéieren, konkret mat op de Wee?

"Et sinn Ziler déi mer eis ginn, et ass net contraignant mee een Engagement, fir an déi Richtung ze goen"

sou de Xavier Bettel. Lëtzebuerg géif eng Partie vun deenen Ziler souwisou erfëllen. De Grand-Duché läit an der Realitéit awer zum Beispill däitlech ënnert de viséierten 78 Prozent Beschäftegung.

Panorama-Bäitrag vun 8 Auer vum 8. Meeplay_arrow

Am Aktiounsplang ass och opgefouert, d'Leit, déi riskéieren an d'Aarmut ze rutschen, bis 2030 ëm 15 Milliounen ze reduzéieren. Och dat stellt fir Lëtzebuerg duerchaus ee Challenge duer. Op konkret Mesurë fir d'Zukunft en vue vum Engagement vu Porto ugeschwat, verweist de Lëtzebuerger Premier op dat, wat elo scho geschitt.

"Zu Lëtzebuerg hu mer den RMG reforméiert, dat gehéiert och zur Aarmutsbekämpfung. Dee gréisste Challenge dee mer an Europa hunn, ass deen, datt mer d'Aarmut net geréieren dierfen, mee mir musse se bekämpfen. Mir musse kucken, datt d'Leit aus enger prekärer Situatioun erauskommen. Dat gëtt e grousse Challenge, dat ass schwéier, mee net nëmme bei eis."

De Ball geet zeréck an de nationale Camps

Op d'Nofro no engem konkreten Engagement bis 2030 en vue vum EU-Aktiounsplang, leet sech de Premier net all ze wäit aus der Fënster:

"Also ech sinn elo mol bis 2023 Premier, bis 2030 weess ech net wien do ass, de But ass, datt mer an déi Richtung schaffen."

Panorama-Bäitrag vun 18 Auer vum 8. Meeplay_arrow

Zu Porto war d'Stëmmung am allgemengen optimistesch, och bei de wéinegen Europadeputéiert, déi um Sommet present waren. Zum Beispill déi hollännesch Sozialdemokratin a fréier Gewerkschaftlerin Agnes Jongerius.

"Ech denken, datt een neie Wand bléist. Wann een dat mat fréiere Krise vergläicht, wou et nëmmen em Austeritéit goung. Elo gesi mer eng ganz aner Recette, et ass sech vläicht net jiddereen es bewosst, mee de Support fir den Aktiounsplang ass grouss."

De Nicolas Schmit, EU-Kommissär fir dat Soziaalt oblige, kuckt no fir:

"Et ass un der Kommissioun an deene Forcen am Europaparlament an deene Memberlänner, déi déi sozial Dimensioun wëlle weider entwéckelen, déi Dynamik ze droen. An do sinn ech Realist... mee awer och Optimist."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.