Radioen

On air

De Moien  |  Clara Luciani - Comme Toi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Zuch ass duerch Stoppsignal gefuer

Beetebuerg-Zoufftgen

Lëtzebuerger Zuch ass duerch Stoppsignal gefuer

Bei der Kollisioun tëscht zwee Zich zu Diddeleng ass um Dënschdeg Moien ee Lëtzebuerger Maschinist ëm d'Liewe komm. Wéi d'CFL matdeelen, war hien trotz engem Stoppsignal weidergefuer.

auto_stories

4 min

Bei der Kollisioun tëscht zwee Zich ass op d'mannst eng Persoun ëm d'Liewe komm, op d'mannst zwou goufen der blesséiert. Déi zwou blesséiert Persoune koumen an d’Klinik. Beim Doudegen handelt et sech ëm de Maschinist vum Lëtzebuerger Zuch, e Beamte vun den CFL. Dat sot den Nohaltegkeetsminister François Bausch an der Mëttesstonn virun der Press.

Wéi d'CFL am Laf vum Nomëtteg matgedeelt hunn, ass hien trotz engem Stoppsignal weidergefuer. Wat d'Grënn dofir sinn, misst d'Enquête erginn, heescht et am Communiqué.

Ënnert de Blesséierten ass de Chauffeur vum franséische Gidderzuch, seng Blessure wieren awer – éischten Erkenntnisser no – net liewensgeféierlech. Déi zweet Blesséiert ass déi franséisch Zuchbegleederin am Lëtzebuerger Zuch, si ass liicht blesséiert ginn.

Et gëtt mat laange Rettungsaarbechte gerechent

Um Dënschdeg Owend hat d'Police "keng Erkenntnisser" doriwwer, ob nach weider Persoune vermësst ginn oder blesséiert wieren. Deemno géifen d'CFL ufänken, d'Zuchmaschinn ze biergen, sou d'Police an engem Pressebulletin vun 17.30 Auer.

Déi franséisch Zuchbegleederin aus dem Lëtzebuerger Zuch war iwwerdeems an enger éischter Ausso net dovun ausgaangen, datt nach Persounen am agedréckten Deel vum Zuch wieren. Si hat gemengt, et wieren op der Gare zu Beetebuerg vill Leit aus dem Zuch eraus- an der kaum erageklommen.

Aussoe vun der Schaffnerin (François Bausch)play_arrow

Eng 60-70 Leit vun de Rettungsservicer a vun der Police waren um Dënschdeg op der Onglécksplaz zu Diddeleng. Der Zentral vun de Rettungsservicer no, gouf op der Platz vum Ongléck e "poste médical avancé" installéiert. Den 112 huet eng "Cellule de crise" op d'Bee gestallt. D'Rettungsdéngschter hätte séier reagéiert, sou den Inneminister Dan Kersch. Si hätte kënnen op d'Erfahrunge vum "trageschen Zuchaccident" am Oktober 2006 zréckgräifen.

Spuresécherung vun der Police mécht Enquête

Op Uerder vum Parquet gouf d'Spuresécherung vun der Police mat enger Enquête chargéiert. Och d'Administration des enquêtes techniques, déi dem Nohaltegkeetsministère ënnersteet, ass op der Plaz. "Ech warnen dofir virdrun, Spekulatiounen ze maachen", sou de François Bausch nach virun der Press.

Wat d'Sécherheetsvirkéierungen op der Streck ugeet, sou sinn déi als Konsequenz vum Accident vum Oktober 2006 mam ETCS-System (European Train Control System) verstäerkt ginn, sot de Marc Hoffmann vun den CFL. Dee System hätt beim Accident um Dënschdeg Moien awer net kënne wierken, well d'Homologatioun mat Frankräich feelt, sou den zoustännege Minister.

Sécherheetssystem ETCS (Marc Hoffmann)play_arrow

De Gidderzuch war net belueden

Gewosst ass, datt et eng Kollisioun tëscht engem Lëtzebuerger Persounen- an engem franséische Gidderzuch war. De Gidderzuch koum aus Richtung Frankräich an de Persounenzuch war a Richtung Diddenuewen ënnerwee. Dat dierft och de Grond sinn, firwat wéineg Leit am Persounenzuch souzen.

Um Gidderzuch houngen 27 eidel Waggone mat engem Gewiicht vu 610 Tonnen. Déi Präzisiounen huet den Nohaltegkeetsminister François Bausch an der Mëttesstonn virun der Press ginn.

Géigend Diddeleng ëmfueren

De Minister François Bausch an den Inneminister Dan Kersch sinn um Dënschdeg Moien op d'Plaz vum Accident gefuer.

Den Zuchtrafic tëschent Beetebuerg an Diddenuewen ass op d'mannst bis e Mëttwoch den Owend gespaart, sou de Marc Hoffmann vun den CFL an der Mëttesstonn virun der Press. D'Zuchlinn 60 tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg, grad wéi d'Linn Beetebuerg Diddeleng sinn dovun awer net betraff.

E Bus-Ersatz-Transport ass virgesinn tëscht der Stad an Diddenuewen respektiv tëscht Beetebuerg a Grouss-Hetténg. Mam Hashtag #CovoitMetzLux sichen haaptsächlech Frontalieren op Twitter no Méiglechkeete fir ze covoituréieren.

D’Police recommandéiert fir d'Géigend um Dënschdeg wéinst de Rettungsaarbechte groussraimeg z'ëmfueren. Fir Owes gëtt mat gréissere Perturbatiounen am Trafic gerechent.

Zuchaccident Diddeleng (Bäitrag Matthias Kirsch,18 Auer Dënschdeg)play_arrow