Zukunft vun der ëffentlecher Fuerschung zu Lëtzebuerg

D’Chamber hat am Oktober d’Reorganisatioun vun den ëffentleche Fuerschungszentere gestëmmt: de Centres de Recherche Publics "Henri Tudor", "Gabriel Lippmann", "Santé" an dem "CEPS". Dës Reorganisatioun stellt een Element duer, vun der neier Opstellung vun der Fuerschung zu Lëtzebuerg.

1,8 Milliarden Euro solle bis 2017 an d’Fuerschung fléissen. 320 Milliounen an d’Fuerschungszenteren, 565 Millioune fir d’Uni, 230 Millioune fir de Fonds national de la recherche, 17 Millioune fir "Luxinnovation". Dobäi kommen 705 Milliounen Euro fir d’Infrastrukture fir d’cité des sciences um Belval.

Zimlech vill Suen déi an Zäite vu budgetären Enkpäss optimal solle genotzt ginn. De budgetäre Previsioune vum Héichschoul- a Fuerschungsministère no, sollen d’Dotatioune fir déi ëffentlech Recherche bis 2017 zwar net wuessen. D’nächst Joer steet awer eng Revisioun vun de budgetären Dotatiounen un, woubäi am Ministär zousätzlech finanziell Mëttel net ausgeschloss ginn.

Am Dossier vum Mick Entringer kommen zu Wuert: de Marc Hansen (Staatssekretär fir Héichschoul a Fuerschung), de Marc Lemmer (CRP-Tudor) an de Ludwig Neyses (Uni.lu).

Programm

Praktesch Infoen

  • 31.5. Schengener Gespréicher

    31.5. Schengener Gespréicher

    D'Pandemie - vum Coronavirus ausgeléist - huet dem Commerce an der Groussregioun grouss finanziell Abousse bruecht. Mëttlerweil sinn d'Geschäfter nees op, mee vun enger ekonomesch gesonder Vitesse de croisière ass een nach wäit ewech.

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen