Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zukunftsfong: Nëmme Marketing?

Staatsfinanzen

Zukunftsfong: Nëmme Marketing?

Déi finanziell Zukunft vum Land sécheren, dat ass d'Zil vum "Fonds souverain intergénérationnel". Zwee Joer nodeems de Fong gegrënnt gouf schwätzt d’CSV vun engem Marketinggadget. Ass déi Kritik berechtegt? Wat ass de Sënn vum Fong a wéi wäerten d'Suen investéiert ginn?

auto_stories

3 min

Fir de Fong z'alimentéiere musse Sue geléint ginn. Foto: Bigstock

"Ee Spuerbuch fir déi, déi no eis kommen", esou hat den DP Finanzminister Pierre Gramegna de "Fonds souverain intergénérationnel" viru knapp zwee Joer beschriwwen. Bis 2035 soll de Fong minimum eng Milliard Euro aspueren. Duerno kann d'Halschent vum Rendement, deen de Fong all Joer mécht, fir de Staatsbudget gebraucht ginn.

Wéi esou ee Fong funktionéiert, huet de Georges Heinrich, am Juli um radio 100,7 erkläert. Hien ass fréieren Tresoriersdirekter an ass elo Generalsekretär bei der Banque de Luxembourg. Bei esou engem Fong géing et drëms goen, Revenuen, déi een haut hätt a bei deenen ee géif ee Budgetsiwwerschoss generéieren, fir d'Zukunft op d'Säit ze leeën. Zu Lëtzebuerg fléissen zum Beispill d'Bensinszënsen an d'TVA vum E-Commerce an de Fong.

Spueren trotz Defizit?

D’Gesetz gesäit fir, datt all Joer 50 Milliounen Euro an de Staatsfong fléissen. Dëst obwuel de Staatsbudget defizitär ass. Fir de Fong ze fëllen, muss de Staat dofir Sue léinen. Dat wier de Moment déi eenzeg Méiglechkeet, fir de Fong z'alimentéieren, esou de Marc Gross vun der Chambre des Métiers. Mee: "et ass praktesch e bëssen eng Aberratioun, wann ee versicht iwwer Zäit den Defizit an d'Staatsscholden ze reduzéieren."

Et wier een am gaangen de Staatsbudget an de Grëff ze kréien, seet awer den President vun der Finanzkommissioun Eugène Berger. Hien zitt de Verglach mat engem private Stot, deen ee Prêt misst ofbezuelen, sech awer gläichzäiteg ee Spuerbuch géif uleeën. "D'Logik ass ähnlech. A mir hunn déi Moyenen", ënnersträicht den DP-Deputéierten.

"Et ass Marketing"

Dat gesäit den CSV-Deputéierte Gilles Roth net esou. Hie fënnt, d'Regierung hätt sech net déi richteg Moyene ginn. Géing ee Staat riskéieren, Scholden ze maachen, da soll en d'Suen direkt an d'Ekonomie investéieren, mengt den CSV-Politiker. D'Suen aus der Ekonomie zu dësem Moment eraus ze huelen, fënnt de Gilles Roth diskutabel.

De Fong ass dem Gilles Roth no 2014 vun der Regierung als Marketingelement geschaaft ginn, fir de Spuerpak besser ze verkafen. Méi wéi Marketing wier de Fong net, kritiséiert den Deputéierten. "Well duerno huet een dovu séier wéineg héieren." Am Mäerz hätten d'Membere vun der Finanzkommissioun de Rapport d'activités vun 2015 virgeluecht kritt. Aus deem géif ervir goen, datt de Fong technesch Startschwieregkeeten hat, seet de Gilles Roth. "D'Statute ware verspéit hannerluecht ginn an et si soss keng Rapporte komm."

Datt de Fong effektiv gréisser Startschwieregkeeten huet, hat rezent een Artikel am Lëtzebuerger Land oppe geluecht.

D'Zukunft vum Fong

Den LSAP-Deputéierten a Member vun der Finanzkommissioun Franz Fayot begréisst zwar d’Iddi vun engem Fong. Hie freet sech awer, wat d'Strategie an d'Investitiounspolitik vum Fong wieren. Der Regierung no goufen déi eicht Suen aus dem Fong am Mee dëst Joer investéiert. Wou déi Sue placéiert goufen ass am Moment net ëffentlech bekannt. Och op Nofro krute mir keng weider Informatiounen. Aus dem Finanzministère heescht et just, datt dës Donnéeë vun Oktober u sollen op engem speziellen Internetsite verëffentlecht ginn.

Zu deem Zäitpunkt soll dem Eugène Berger no och an der Finanzkommissioun vun der Chamber diskutéiert ginn, wéi et mam Fong weider geet. Bis ewell wier dat nach net thematiséiert ginn. "Mir hunn drop gewaart, datt de Regierungsrot decidéiert wéi d'Sue kënnen investéiert ginn." Dat wier mëttlerweil geschitt a géing demnächst an enger Finanzkommissioun presentéiert ginn. "Esou wäit ech weess gëtt et duerno vum Ministère aus public gemaach"sou de President vun der Finanzkommissioun.