Fir Baler wier esou ee Konzept net méiglech. Lo sëtzt d'Studentenorganisatioun op de Käschten a muss de Leit hir Ticketen och nach rembourséieren, d'Organisatioun hofft dofir op d'Ënnerstëtzung vum Ministère, et geet em Käschten an der Héicht vu 50.000 Euro, sou de Pit Reckinger, President vum Zürecher Studentecercle. Och wann ee sech iwwer d'Joren e finanziellt Polster opgebaut hätt, wier dee Verloscht net sou einfach ze verquëssen.
"Et ass keng riseg Katastroph, mee et ass awer eng kleng Katastroph, well mer mat deene Suen, déi nach Rescht bleiwen, Schwieregkeeten hunn, d'nächst Joer de bal ze finanzéieren, well sou vill Sue si lo net méi Rescht, dat heescht mir musse lo einfach eng Kéier d'Rechnunge maachen, kucken, wou mer lo genau stinn, an da kucken, wéi mer weider fueren."