Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee-Klasse-Justiz an Éisträich?

Europa

Zwee-Klasse-Justiz an Éisträich?

Soll den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz an enger Affär, wou géint hien ermëttelt gëtt, vun engem Riichter oder vum Parquet, deen enquêtéiert, befrot ginn? Wat no engem onwichtegen Detail kléngt, gëtt an Éisträich dëser Deeg kontrovers diskutéiert. D'Oppositioun schwätzt vun enger Zwee-Klasse-Justiz. Déi konservativ Regierungspartei ÖVP notzt d'Situatioun iwwerdeems fir op en Neits d'Objektivitéit vum Parquet a Fro ze stellen.

auto_stories

3 min

Datt déi éisträichesch Wirtschafts- a Korruptiounsstaatsanwaltschaft an de Bundeskanzler Sebastian Kurz keng Frënn sinn, ass scho méi laang bekannt.

Zënter Méint ermëttelt den Anti-Korruptiounsparquet géingt Parteikolleege vum Bundeskanzler, deen dunn - virun zwee Méint - selwer an d'Viséier geroden ass.

Bal genau sou laang stellt dem Sebastian Kurz seng konservativ ÖVP d'Objektivitéit vum Parquet a Fro a wërft em politesch motivéiert Ermëttlunge fir.

An der Fro, op hie virun engem parlamentareschen Untersuchungsauschoss gelunn huet, wollt de Sebastian Kurz deemno och net virum Parquet mee virun engem Riichter aussoen. Eppes wat d'Gesetz da virgesäit, wann et ëm eng Affär an eng Persoun vu besonneschem ëffentlechen Interessi geet.

Déi gréng Justizministerin gëtt domat dem Drock vun der ÖVP no

Genee dat soll och lo am Fall vum Sebastian Kurz geschéien - allerdéngs réischt nodeems de Justizministère dat géint de Wëlle vum Parquet ordonéiert huet.

Déi gréng Justizministerin Alma Zadic hätt domat dem Drock vun der ÖVP noginn, kritiséiert de sozialdemokrateschen Deputéierten Jörg Leichtfried am Interview mam ORF.

"Es war bis jetzt noch nie so, dass diese Bestimmung für Politiker angewandt wurde und der Herr Kurz scheint sich scheinbar vor den eingearbeitenden Staatsanwältinnen und Staatsanwälten zu fürchten und deshalb wurde das versucht, so zu ändern. Das ist sicher eine Art Zwei-Klassen-Justiz."

Wei d'Befroen duerch ee Riichter oder eng Riichterin sech op d'Ermëttlungsresultat auswierkt, ass onkloer. D'Entscheedung vum Justizministère hëlleft awer och der ÖVP hiert Narrativ vun engem net-objektiven a politesch motivéierte Parquet ze propagéieren. Direkt nodeems d'Entscheedung bekannt gouf, huet d'ÖVP an engem Communiqué begréisst, datt och de Justizministère elo agesinn hätt, datt eng onoofhängeg Instanz néideg wier. Och gouf de Virworf widderholl, datt den Anti-Korruptiouns-Parquet a politesche Fäll mat zwee erlee Moss géif moossen. Datt dee selwechte Parquet och géint Politker vun anere Parteien ermëttelt, gëtt net erwäänt.

Justizministerin: Entscheedung reng no juristesche Krittären

D'Justizministerin Alma Zadic betount, datt d'Entscheedung reng no juristesche Krittäre geholl gi wier a méi Instanzen hiren Aval dozou ginn hätten. Am ORF-Interview betount si awer ausdrécklech, datt dëst net als Bewäertung vum Parquet ze verstoe wier. "Die ständige Politisierung der Debatte aber auch der Staatsanwaltschaft muss endlich ein Ende haben."

Am Fall, datt um Enn vun den Ermëttlungen eng Uklo géif stoen, wëll de Bundeskanzler Sebastian Kurz iwwerdeems keng Konsequenzen zéien. Op d'Fro vun der däitscher Bildzeitung, ob och en Ugeklote Kanzler kéint sinn, äntwert hien: "Jo, selbstverständlech."