Zweet SREL-Archiv: Fichiere vu Lëtzebuerger Organisatiounen

Um Bord vum Bommeleeërprozess gouf bekannt, datt am zweete SREL-Archiv am Sennenger Schlass eng Rei Fichieren iwwer Lëtzebuerger ONGen an aner Organisatioune fonnt goufen.

Ënnert anerem 300 Säiten iwwert d’Associatioun Luxembourg-Harvard, 13 Säiten iwwert de Mouvement Ecologique, 11 Säiten iwwert d’Jeunesses Socialistes, 110 Säiten iwwert de Comité Luxembourg-Vietnam, 89 Säiten iwwert den OGB-L, 13 Säiten iwwert d’Amistad Luxembourg-Cuba, 42 Säiten iwwert de Radio Fluessfénkelchen, 12 Säiten iwwert d’Nationalbeweegung, 90 Säiten iwwert Anti-Apartheid, 168 Säiten iwwert Amnesty International an 213 Säiten iwwer Greenpeace.

Lauschtert de Bäitraag vum Jean-Claude Wolff am Moiespanorama:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2013-12-18-jcw-PB07-SREL-Fichieren-iwwer-Organisatiounen.mp3"]

 

De 27. September 2013 huet sech 100,7-Informatiounen no ëmmer méi eraus gestallt, datt et tëscht dem Sennenger Archive an dem offiziellen SREL-Archive op der Escher Strooss Divergenze ginn. Domadder gouf och kloer, datt am Archive zu Senneng misst gekuckt ginn ob et och do Fichen iwwert déi Leit gëtt, déi bis elo eng Demande bei der zoustänneger Kontroll-Autoritéit gemaach hunn.

De Bäitrag vum Gil Goebbels vum 27. September:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/GG-SREL.mp3"]

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter.png

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen