Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erlieft a Verzielt: D'Madamm Anne Labonté-Schwartz (1904)

De radio 100,7 Archiv

Erlieft a Verzielt: D'Madamm Anne Labonté-Schwartz (1904)

Am Januar 2004 huet d'Madamm Anne Labonté-Schwartz vu Péiteng hir 100 Joer gefeiert. De Carlo Link huet si besicht an huet mat hir an hirem Jong iwwer déi schéin al Zäite geschwat. Si huet dem Carlo Link awer och bewisen, datt ee mat 100 Joer nach e Weltemënsch ka sinn. Si goung nämlech nach all Joer an Éisträich an d'Vakanz. Mee lauschtert selwer.

auto_stories

1 min

D'Madamm Anne Labonté-Schwartz verzielt aus hirem Liewen: wéi si nach an déi al Schoul goung, déi am Schlass-Nothumb ënnerbruecht war, wéi si zu Paräis am Déngscht war a wéi sech Péiteng am Laf vun der Zäit verännert huet, z. B. wéi d'Gare gebaut gouf.

Am Alter vun 100 Joer goung si nach all Dag eng Stonn spadséieren, donieft huet si hirem Jong am Stot mat der Streck a beim Kachen gehollef a sech drop gefreet, all Joer an Éisträich an d'Vakanz ze fueren. Eng Emissioun vum Carlo Link.