Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erlieft a Verzielt: Lull Gillen

De radio 100,7 Archiv

Erlieft a Verzielt: Lull Gillen

De Carlo Link war am Abrëll 2005 fir d'Serie Erlieft a Verzielt richteg sportlech ënnerwee, an zwar hat hien e Gespréich mam Lucien, oder besser bekannt als Lull Gillen. E lëtzebuergesche Vëlossportler a Spezialist am Vëlodrom. Seng Virléift waren d'Sechs-Deeg-Courssen an deenen hien 123 Mol matgefuer ass, dovunner eelef gewonnen huet. Hien huet awer och 1955 zu Mailand ee Weltrekord beim 5.000 Meter opgestallt. Dëst ass de Vëlos-Kenner warscheinlech bekannt.

auto_stories

1 min

Vun 1948 bis 1966 war de Lull Gillen, als Profi, ee vun de gréisste Lëtzebuerger Coureuren op der Bunn. Bei sengem éischte Sechstagerennen zesumme mam Mett Clemens 1948 zu New York, goufe si déi zweet. Als Spezialist fir d'Sechstagerennen konnt hien an 123 Courssen, mat verschiddene Partner, eelef Mol gewannen, an dat zu Berlin, Gand, Dortmund, Münster, St.-Etienne, Montreal, Quebec a véier Mol zu Kopenhagen. 1955 ass hien de Weltrekord iwwer fënnef Kilometer mat 6'19"40 zu Mailand gefuer.

De Lull Gillen kuckt zeréck a verzielt, wéi hie Coureur gouf. Donieft schwätzt de Lull Gillen, dee spéider an der Gemengepolitik aktiv war a sech zanter Jore fir de Bau vun engem Vëlodrom zu Lëtzebuerg agesat huet iwwer säin zweete Beruff als Direkter an enger Bank, e Beruff an deem hien, no senger Sportlerkarriär, wärend 28 Joer geschafft huet. Eng Emissioun vum Carlo Link