Jiddweree vun hinnen huet säi ganz eegenen onverkennbare Stil. An der Broschür zum Pit Weyer senger Affichen-Ausstellung 2002 bréngt de Pol Greisch dat esou op de Punkt: "'t gëtt e sëllechen Artisten. Déi eng erkenns de blannemännerches, déi aner ënnerschreiwe barbaresch grouss, an du kanns se nawell net liesen. Déi eng hu Charakter a Stil, déi aner klakeg Faarwen an ower kee Gesiicht."
Dat gëllt net eleng fir dem Pit Weyer seng Plakater an Zeechnungen mat de charaktervolle Stréch, mee och fir der Anne Weyer hir Masken an Illustratiounen. D'Koppel huet méi wéi 30 Joer mat senger kënschtlerescher Aarbecht dem Theater zu Lëtzebuerg duerch seng Affichen, Bünebiller, Kostümer an Ausstattungen e Stempel opgedréckt.
Och wann een de Pit an d'Anne dacks an engem Zockt nennt, well si zesummegehéieren, hu mer et dach mat ganz verschiddene Kënschtlersensibilitéiten a Charakteren ze dinn.
De Claude Mangen huet allebéid agelueden fir méi iwwer dës Artistekoppel gewuer ze ginn.