Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch bei der Marie-Thérèse Kolbach

De radio 100,7 Archiv

Op Besuch bei der Marie-Thérèse Kolbach

Am Mee 2008 war de Claude Mangen op Besuch zu Beefort bei der Lëtzebuerger Molerin an Zeechnerin Marie-Thérèse Kolbach. Gebuer gouf si den 23. Abrëll 1918 zu Esch-Uelzecht a war deemno bei dësem Interview 90 Joer al. Virum Zweete Weltkrich hat d'Marie-Thérèse Kolbach zu Léck op der Académie des Beaux-Arts studéiert an nom Zweete Weltkrich zu Tréier, Lëtzebuerg an och zu Bréissel.

auto_stories

1 min

Enn vun den 30er Joren huet si zu Léck op der Académie des Beaux-Arts studéiert. Nom Zweete Weltkrich goung si op d'Konschtschoul Tréier, d'École d'Artisans de l'État zu Lëtzebuerg a schliisslech op d'Académie des Beaux-Arts zu Bréissel, wou si hiren Éischte Präis am Zeechnen an an der Molerei krut.

1956 gouf Marie-Thérèse Kolbach Laureatin vum Potter-Präis an krut de Premier Prix de Peinture vun der Stad Bréissel. Vun 1959 un huet d'Kënschtlerin an de Salone vum CAL ausgestallt a krut 1964 de Prix Grand-Duc Adolphe. Niewent Buchillustratiounen, Collagen, Zeechnungen an Uelegbiller huet d'Artistin Wanddekoratioune fir d'Escher Spidol a verschidde Kierchen uechtert d'Land geschafen. Am Staatsmusée an op der Cour Grand-Ducale si Wierker vun der Marie-Thérèse Kolbach, genee wéi an de Kollektioune vun de Stied Esch a Lëtzebuerg.

De Claude Mangen huet 2008 mat der Kënschtlerin en Tour duerch hiren Atelier gemaach.