De Cameron Carpenter huet eng nei Begeeschterung fir d'Uergel ausgeléist: poppeg onkonventionell am Optrieden, ouni musikalesch Beréierungsangscht, iwwerzeegt deen amerikaneschen Organist duerch seng enorm Maîtrise vun deem gewaltegen Instrument - esouwuel technesch wéi musikalesch.
De Cameron Carpenter gräift eigentlech eng Traditioun op, déi et virun allem am anglo-amerikanesche Raum gouf an och nach zum Deel gëtt. D'Uergel kënnt vun hirer traditioneller Plaz vum Duxall an der Kierch an de Concertssall. Si ass net nëmme méi un de liturgesche Repertoire gebonnen, mee mécht hir Päifen op fir all Genre vu Musek.
John Adams: Short Ride in a Fast Machine: 00:00:00 / -02:16:24
Cameron Carpenter: The Scandal: 00:05:04 / -02:11:17
Cameron Carpenter (arr.): 00:34:58 / -01:41:25
- Fugue a Passacaglia an do mineur vum J.S. Bach
- Stars and Stripes vum J.P. Sousa
John Adams: City Noir: 00:45:48 / -01:3035
After Concert am Foyer : 01:22:03 / -00:54:20
Cameron Carpenter (Arr.)
Richard Wagner: Prélude aus "Die Meistersinger von Nürnberg"
J.S. Bach: Fantaisie a Fugue a sol mineur BWV 542
P.I. Tschaikowski: 3. Saz aus der Symphonie Nr. 6 "Pathetique"
Franz Schubert: Der Erlkönig
De radio 100,7 huet dëse Concert den 13. Mee 2016 an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 19. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.