Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Waldstein-Sonat

#beethoven20

D'Waldstein-Sonat

De Jean Muller proposéiert eng Introduktioun an d'Sonat Opus 53 déi ënner Pianisten a Melomanen e scho bal legendäre Ruff huet. Dëst Wierk stécht nämlech net nëmme wéinst sengem Titel "Waldstein" ervir.

auto_stories

1 min

D'Waldstein-Sonat ass e Wierk, mat deem de Beethoven en neie musikaleschen Universum opmécht. Déi immens grouss Zuel u pianisteschen Iddien a Klangfaarwe mécht dëst Wierk zu enger onendlecher Quell vun Inspiratioun a Freed. Well et esou vill iwwer dëst Wierk ze soe gëtt, huet de Jean Muller den üblechen Zäitkader gesprengt a proposéiert eng grouss Aféierung an d'Sonat Opus 53.

Introduktioun an d'Sonat Opus 53

Sonat Opus 53