#beethoven20 "Diese Sonate hat sich gewaschen"

De Beethoven war stolz op seng eeleft Sonat. An och wann dëst Wierk e méi schwéiere Stand bei de Kritiker hat, ass et dach voller Schätz. De Pianist Jean Muller geet dëse Schätz am Kader vun der Serie #beethoven20 op d'Spuer.

Ludwig van Beethoven
Protrait vum Ludwig van Beethoven, gemoolt 1803 vum Christian Horneman (Foto: Wikimedia commons)

"Diese Sonate hat sich gewaschen, geliebtester Herr Bruder", sou huet de Beethoven sengem Editeur iwwer seng Pianossonat Nummer eelef geschriwwen. Hien war offensichtlech stolz iwwer dëst Wierk. An och wann net all Kritiker des extrem selbstsécher Aschätzung gedeelt huet, ass des manner bekannt Sonat voller Schätz déi et sech lount ze entdecken.

Introduktioun an d'Sonat Nr. 11, Opus 22

Sonat Opus 22

An der Mediathéik:

#beethoven20 / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Beethoven Sonat Op. 14 Nr. 2
#beethoven20

A senger Sonat Opus 14. Nummer 2 weist sech de Ludwig van Beethoven vu senger humoristescher Säit. De Pianist Jean Muller gëtt en Abléck an dëst kuerzt a frëndlecht Wierk voller Melodien.

Beethoven Spezial
#beethoven20

No senger Pathétique schreift de Beethoven säin Opus 14. Dës zwou Sonate wierken e gutt Stéck méi brav. Wollt de Komponist domat sengem Prof. Haydn beweisen, datt och hie musikalesch Manéieren huet?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen