Ënner der Baguette vum franséischen Dirigent Bertrand de Billy proposéiert de Polish National Radio Symphony Orchestra e franséischen Owend. Mam Albert Roussel sengem Ballet-pantomime "Le festin de l'araignée" steet en Ausfluch an d'Welt vun den Insekten an de Spannen um Programm. Do dernieft interpretéiert den Orchester dem César Franck seng Sinfonie a Ré Mineur an dem franséische Pianist a Komponist Camille Saint-Saëns säi fënnefte Pianosconcerto. Solist ass de Pascal Rogé.
Programm:
Albert Roussel (1869-1937): Sinfonesch Extraiten aus dem Ballet-Pantomime "Le festin de l'araignee" - 00:01:14 / -01:27:07
Camille Saint-Saëns (1835-1921): Concerto fir Piano Nr. 5, op. 103 "L'Égyptien" - 00:19:28 / -01:08:52
César Franck (1822-1890): Sinfonie a Ré Mineur, op. 48 - 00:48:16 / -00:40:04
Interpreten:
Pascal Rogé, Piano
Polish National Radio Symphony Orchestra, Katowice
Bertrand de Billy, Direktioun
De radio 100,7 huet dëse Concert, deen de 6. Februar am NOSPR zu Katovice opgeholl gouf, vun European Broadcasting Union iwwerholl. Dir kënnt dëse Live-Matschnëtt nach bis den 18. November 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.