Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Erausfuerderung fir all Geiist

De virtuelle Concertssall

Eng Erausfuerderung fir all Geiist

D'Solistes Européens, Luxembourg an d'Nicola Benedetti interpretéieren dem Tschaikowski säi bekannte Geieconcerto. Weider um Programm: Déi zweet Sinfonie vum Ries an d'Egmont Ouverture vum Beethoven.

auto_stories

1 min

De bedeitende Musekskritiker Eduard von Hanslick huet sech dacks zimmlech direkt ausgedréckt, och no der Première vum Pjotr Iljitsch Tschaikowski sengem Geieconcerto: "Tschaikowskys Violin-Concert bringt uns zum erstenmal auf die schauerliche Idee, ob es nicht auch Musikstücke geben könnte, die man stinken hört."

Datt d'Wierk un d'Geiiste grouss Uspréch stellt, war schonn dem ursprénglechen Dédicataire Leopold Auer opgefall. Hien huet gemengt, de Concerto wier net ze spillen an d'Wierk refuséiert. Haut ass de Concerto ee vun deene groussen aus dem Repertoire.

Ludwig van Beethoven: Egmont, Ouverture 00:00:00 / -01:18:48
P. I. Tschaikowski: Concerto fir Gei an Orchester 00:08:22 / -01:10:24
Ferdinand Ries: Symphonie Nr. 2 00:44:14 / -00:34:34
Gioacchino Rossini: Il signor Bruschino 01:13:16 / -00:05:31

Interpreten:

Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König, Direktioun
Nicola Benedetti, Gei


De radio 100,7 huet dëse Concert den 24. Mäerz an der Philharmonie opgeholl.

Dir kënnt dëse Concert nach bis den 11. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.