De 6. Dezember 2019 spillt de Swedish Radio Symphony Orchestra e ganz besonnesche Concert. Op där enger Säit wéinst dem Programm - dem Gustav Mahler senger grousser drëtter Sinfonie mat Chouer a Solo-Gesang - an der Starbesetzung mam Dirigent Danel Harding an der Altistin Anne Sofie von Otter. Op där anerer Säit, well et ee vun deenen éischte Concerte vum Lëtzebuerger Trompettist Max Asselborn mam Orchester ass.
Am Dezember 2019 war hien nach ee vun dräi Kandidate fir eng Plaz am Ensembel. No sengen "Trial-Weeks" krut den Trompettist d'Plaz ugebueden an zanter dem August 2020 ass de Max Asselborn Member am Swedish Radio Symphony Orchestra. Nieft dem Live-Matschnëtt mam Gustav Mahler senger drëtter Sinfonie proposéiere mir dofir och e Pausegespréich mam Max Asselborn iwwer seng éischt Erfarungen am schwedeschen Orchester.
Gustav Mahler (1860-1911): Sinfonie Nr. 3 a Ré Mineur 00:02:01 / -01:52:00
Pausegespréich mam Max Asselborn 01:46:21 / -00:07:36
De radio 100,7 huet dëse Concert, deen de 6. Dezember an de Berwaldhallen zu Stockholm opgeholl gouf, vun European Broadcasting Union iwwerholl. Dir kënnt dëse Live-Matschnëtt nach bis den 15. Dezember 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.