De virtuelle Concertssall Liebeslieder-Walzer: eng perfekt Kombinatioun

De Brahms hat e Faible fir de Walzer a war e grousse Bewonnerer vum Johann Strauss, deen e wéinst senge Melodië beneit huet. Lauschtert e Live-Matschnëtt vu senge Liebeswalzer an ungareschen Dänz.

Brahms
Johannes Brahms (© Wikimedia commons)

Es war überfüllt, auf dem Orchesterpodium so, daß ich nie wußte, wie ich an's Klavier kommen sollte. Ich spielte sehr glücklich, das Publicum war in wahrem Enthusiasmus. - Die Liebeslieder (Johannes spielte sie mit mir vierhändig) gingen reizend und gefielen sehr.", notéiert d'Clara Schumann an hire Journal 1870 no der Première vun de Liebeslieder-Walzer.

De Brahms hat ëmmer e Faible fir de Walzer, war e grousse Bewonnerer a Frënd vum Johann Strauss, deen e wéinst senge Melodië beneit huet. Déi deels lëschteg, schwongvoll, awer och melancholesch Texter aus enger Anthologie vum Georg Friedrich Daumer passe perfekt bei de Charakter vum Brahms senger Musek.

Johannes Brahms: Neue Liebeslieder, op. 65 00:00:00 / -00:54:08
Johannes Brahms: Ungaresch Dänz Nr 3, 4, 1, 2 00:18:57 / -00:35:11
Johannes Brahms: Liebeslieder-Walzer, op. 52 00:32:23 / -00:21:43

Interpreten:

Danièle Patz, Sopran
Manou Walesch, Alt
Marc Dostert, Tenor
Jean-Paul Majerus, Bass
Jos Majerus & Christophe Nanquette, Piano


De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt, de 16. Februar 2017, am CAPE zu Ettelbréck opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis den 2. Juni 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.

Méi zum Thema

Solistes Européens.jpg
De virtuelle Concertssall

D'Solistes Européens, Luxembourg interpretéieren dem Gustav Mahler seng éischt Sinfonie ënner der Direktioun vum Christoph König. Den Titel "Titan" bezitt sech op e Bildungsroman vum Jean Paul.

OCL
De virtuelle Concertssall

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg interpretéiert dem Igor Strawinsky säi Concerto "Dumbarton Oaks" an deem sech de Komponist explizitt op dem Bach seng brandenburgesch Concerti bezitt.

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen