#beethoven20 Musikalesch gutt Manéieren

Nodeems de Jean Muller an der leschter Episod vun #beethoven20 op de Fong vum Beethoven senger Grande sonate pathétique gaangen ass, stinn elo zwee méi brav Wierker op der Affiche: D'Sonaten Opus 14 Nr. 1 an Nr. 2. Obwuel dës Stécker méi klassesch komponéiert sinn, si se voll vun neien an originellen Iddien.

Beethoven Spezial

D'Manéier wéi de Beethoven seng Iddien an der Sonat Opus 14. Nr. 1 duerchféiert, beweist datt hien och a senge manner ambitionéierte klenge Stécker net drop verzischt extrem genee ze schaffen. Ënnert anerem ënner dësem Aspekt beliicht de Pianist Jean Muller an der aktueller Episode aus der Serie #beethoven20 dem Beethoven säi Wierk.

Introduktioun an d'Sonat Opus 14, Nr. 1

Sonat Opus 14, Nr. 1

An der Mediathéik:

#beethoven20 / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean Muller Piano
#beethoven20

A sengem Opus 10 weist de Beethoven seng Kreativitéit a säin Humor. An engem Saz huet d'Schicksalsmotiv en éischten Optrëtt, bei engem anere wierkt de Pianist, wéi wann hien d'Noute vergiess hätt.

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Un(e) rédacteur(rice) web

    Webjournalist

    L'Etablissement Public de Radiodiffusion Socioculturelle recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, Un(e) rédacteur(rice) web sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à temps plein.

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen