Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Orient et Occident IV

De virtuelle Concertssall

Orient et Occident IV

Den 30. Mäerz 2014 spillt den Orchestre de Chambre du Luxembourg dee véierte Concert aus senger Serie Orient et Occident am Kammermusekssall vun der Philharmonie. Lauschtert de Live-Matschnëtt vun dësem Optrëtt hei.

auto_stories

1 min

Orchestre de Chambre du Luxembourg (© Kaupo Kikkas)

Nach ëmmer hu sech europäesch Komponiste fir d'Kultur aus dem Noen Osten oder aus deem méi wäiten Orient interesséiert. D'Wierker, déi bei dësem Concert um Programm stinn, sinn inspiréiert vu Geschichten a Legenden aus deene Länner.

Claude Debussy: Danse sacrée et danse profane: 00:00 / -50:09
Maurice Ravel: Pavane pour une infante défunte: 10:20 / -39:48
Maurice Ravel: Tzigane, rhapsodie de concert: 17:00 / -33:07
Jules Massenet: Méditation de Thaïs: 28:04 / -22:03
Gabriel Fauré: Pelléas et Mélisande (Orch. C. Koechlin): 33:45 / -16:22

Interpreten:

Orchestre de Chambre du Luxembourg
David Reiland, Direktioun
Geneviève Conter, Harf (Debussy)
Léonard Schreiber, Gei (Ravel, Massenet)


De radio 100,7 huet dëse Concert den 30. Mäerz 2014 an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dëse Live-Matschnëtt nach bis den 20. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.