Den 20. Oktober 2014 kënnt de Geiist Vadim Repin op Lëtzebuerg, fir mat de Solistes Européens opzetrieden. A senger Wallis huet hien d'Partiture vum James MacMillan sengem Geieconcerto.
Dëst Wierk vum schottesche Komponist war eng Commande an Zesummenaarbecht vum London Symphony Orchestra, de Zaterdag Matinée Amsterdam, de Philadelphia Orchestra an den Ensemble Orchestral de Paris.
Felix Mendelssohn Bartholdy: Ouverture - Der Sommernachtstraum 00:00:00 / -01:25:23
James MacMillan: Geieconcerto 00:12:21 / -01:13:00
Franz Schubert: Sinfonie Nr. 9, genannt Die Grosse 00:39:46 / -00:45:38
Interpreten:
Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König, Direktioun
Vadim Repin, Gei
De radio 100,7 huet dëse Concert mam Titel: "Himmlieche Kürzen und Längen" de 14. Oktober 2014 an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 18. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.