Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Herr Corporation - Conspiracy!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Legend of Celobrium

De virtuelle Concertssall

The Legend of Celobrium

D'Militärmusek interpretéiert The Legend of Celobrium vum Philip Sparke an der Kierch zu Zolwer. An dësem Wierk beschreift de Komponist eng Legend déi mam Zolwer Knapp verbonnen ass.

auto_stories

1 min

De Kulturkrees Celobrium vun Zolwer huet 2015 d'Lëtzebuerger Militärmusek invitéiert fir seng 15 Joer musikalesch ze feieren.

The Legend of Celobrium war eng Commande vun der Harmonie vun Zolwer am Kader vun hirem 100. Anniversaire un de Komponist Philip Sparke. Celobrium ass nämlech de réimeschen Numm fir Soloeuvre oder eben Zolwer. D'Stéck beschreift musikalesch eng Legend déi mam Zolwer Knapp verbonnen ass.

Bert Appermont: Theia (2 Sätz) 00:00:00 / -01:00:01
Marco Pütz: Solitary Prayer 00:14:47 / -00:45:13
Philip Sparke: The Legend of Celobrium 00:21:23 / -00:39:37
Aram Khachaturian: Suite Spartacus 0034:20 / -00:25:41
Hector Berlioz: Marche Hongroise 00:54:37 / -00:05:23

Interpreten:

Lëtzebuerger Militärmusek
Majouer Jean-Claude Braun, Direktioun
1. Sgt Marc Molitor, Euphonium


De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 29. November 2015 an der Kierch zu Zolwer opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis den 21. Mee 2020 am vrituelle Concertssall lauschteren.