Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Titan

De virtuelle Concertssall

Titan

D'Solistes Européens, Luxembourg interpretéieren dem Gustav Mahler seng éischt Sinfonie ënner der Direktioun vum Christoph König. Den Titel "Titan" bezitt sech op e Bildungsroman vum Jean Paul.

auto_stories

2 min

Programmmusek oder éischter net? Mam Titel "Titan" an eegenen Explikatiounen, déi de Gustav Mahler 1893 fir ee Concert zu Hamburg geliwwert hat, kann een sech déi Fro scho stellen, absënns wou d'Wierk deemools als "Sinfonische Dichtung in zwei Theilen" annoncéiert gi war. Iwwert d'Etapp "Programmatische Symphonie" komme mer da bei déi haut geleefeg Bezeechnung als éischt Symphonie a ré majeur.

Wéi ëmmer beim Mahler gouf et nach wärend der Virbereedung vun der Uropféierung éischt Ännerungen a Verbesserungen. Dee markantsten Aschnëtt ass d'Sträiche vum 2. Saz, dem sougenannten "Blumine-Saz", deen eréischt 1959 zu London erëmfonnt gouf a mëttlerweil zum Deel ee selbstännegt Liewe féiert.

Den Titel "Titan" bezitt sech op dem Jean Paul säi Bildungsroman, d'Geschicht vum Albano Cesara, een Held mat groussen Ambitiounen, deen awer letztendlech vum Liewe gebremst gëtt. Schicksal, Liewen a Leiden - ee Grondthema vum Mahler senger eegener Biographie an och vu senger Musek.

D'Uropféierung vun der éischter Symphonie war 1889 zu Budapest. Déi definitiv Versioun vun der Partitur gouf eréischt 1899 publizéiert, no der Uropféierung vun der 2. Symphonie a wärend der Aarbecht un där drëtter.

Jeannot Sanavia: Hélice, Uropféierung 00:00:00 / -01:17:12
Hans Rott: Symphonie Nr 1 (Extraits) 00:14:05 / -01:03:06
Gustav Mahler: Symphonie Nr 1 "Titan" (mat Blumine, arr. fir Kammerorchester) 00:24:36 / -00:52:35

Interpreten:

Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König, Direktioun


De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 21. September 2015 an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis de 29. Mee 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.