De virtuelle Concertssall Trio Catch

Benannt no engem Wierk vum Thomas Adès interpretéiert den Trio Catch an dësem Live-Matschnëtt aus dem Kammermusekssall vun der Philharmonie Wierker vum John Bull, Helmut Lachenman a Johannes Brahms.

Trio Catch
Trio Catch (Foto: Lennard Rühle)

Dräi jonk Dammen zeechnen e Bou vun der Renaissance bis hin zum Helmut Lachenmann senger subtiller Analys vum Klang, vun der Resonanz an der Beweegung. Déi dräi Musekerinnen hu sech als Stipendiantinne bei der Internationaler Ensemble Modern Akademie zu Frankfurt getraff an entscheet en Trio ze grënne mam Numm Catch. Den Numm vum Trio kënnt aus dem Wierk "Catch, opus 4", vum Thomas Adès.

Johannes Brahms: Klarinettentrio, opus 114 00:00:00 / -01:17:19
Bernhard Lang: Monadologie XXVII Brahms Variatiounen 00:23:25 / -00:53:55
John Bull: In Nomine XII, fir Klarinett, Cello a Piano 00:42:31 / -00:34:47
Helmut Lachenmann: Allegro Sostenuto, fir Klarinett, Cello a Piano 00:46:03 / -00:31:13
BIS 01:16:29 / -00:00:50

Interpreten:

De Trio Catch besteet aus:
Boglárka Pecze, Klarinett a Bass-Klarinett
Eva Boesch, Cello
Sun-Young Nam, Piano


De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 8. Oktober 2015 am Kammermusekssall vun der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis de 26. Mee 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.

Méi zum Thema

Sabine Weyer_Martin Teschner.jpg
De virtuelle Concertssall

Am Kader vun der Camerata-Serie vun de Solistes Européens, Luxembourg proposéiert d'Pianistin Sabine Weyer Wierker vum Johannes Brahms, Franz Liszt, Claude Debussy a Jean-Philippe Rameau.

Militärmusek.jpg
De virtuelle Concertssall

Lauschtert d'Militärmusek am Live-Matschnëtt vum 8. Januar 2016 am Mierscher Kulturhaus. An dësem Neijoerschconcert proposéiert den Orchester nieft Walzer och de "Capriccio Italien" vum Tschaikowsky.

Programm

Praktesch Infoen

  • 31.5. Schengener Gespréicher

    31.5. Schengener Gespréicher

    D'Pandemie - vum Coronavirus ausgeléist - huet dem Commerce an der Groussregioun grouss finanziell Abousse bruecht. Mëttlerweil sinn d'Geschäfter nees op, mee vun enger ekonomesch gesonder Vitesse de croisière ass een nach wäit ewech.

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen