De virtuelle Concertssall Zwee fréi verstommt Talenter
De Kammermusekveräin Lëtzebuerg (haut Kammerata Luxembourg) interpretéiert Wierker vum J.C. Arriaga a G.B. Pergolesi. Zwee Komponisten déi mat grad emol 20 a 26 Joer gestuerwe sinn.
De spuenesche Komponist Juan Crisostomo Arriaga ass de 27. Januar 1806 zu Bilbao gebuer an de 17. Januar 1826 zu Paräis un Tuberkulos gestuerwen: Hien gouf also nëmmen 20 Joer al. Wéi de Mozart (deen iwwregens 50 Joer méi fréi op demselwechten Dag gebuer ass) war de Juan Crisostomo Arriaga e Wonnerkand: Mat 11 Joer huet hien seng éischt Wierker geschriwwen, mat 13 seng eenzeg Oper "Los esclavos felices", dëst zu der Zäit, wou d'Inquisitioun a Spuenien ofgeschaaft gouf. Mat nëmmen 18 Joer gouf hien zu Paräis am Conservatoire zum Assistenzprofesser ernannt an huet bis zu sengem Doud nach eng Symphonie an 3 Quartetter komponéiert.
Den Giovanni Battista Pergolesi ass e Komponist, den och eng Partie reliéis Wierker a sengem Repertoire stoen huet. Dat populäerst ass säi Stabat Mater aus dem Joer 1736, also zwee Méint virum sengem Doud an der Abtei vu Puzzuoli geschriwwen. Et ass dat lescht Wierk vum Pergolesi, dee scho mat 26 Joer gestuerwen ass - grad wéi den Arriaga un de Suitte vun enger Tuberkulos.
Juan Crisostomo Arriaga: Sträichquartett Nr. 2 00:00:00 /-01:02:56
Giovanni Battista Pergolesi: Stabat Mater 00:25:18 / -00:37:36
Interpreten
Kammermusekveräin Lëtzebuerg (haut Kammerata Luxembourg):
Mariette Lentz, Sopran
Jeff Mack, Kontertenor
Isabel Van Grysperre, Gei
Marc Jacoby, Gei
Jean-François Mein, Braatsch
Raju Vidali, Cello
Maurice Clement, Uergel an Cembalo
Eric Mathot, Bass
De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 6. Abrëll 2016 am Kader vum Klenge Maarnicher Festival an der Kierch zu Huldange opgeholl.